Op den Inhalt sprangen

Jakobsstaf: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k →‎Nimm: format using AWB
k →‎top: Numm Auteur using AWB
 
(3 Tëscheversioune vun 2 Benotzer ginn net gewisen)
Linn 13: Linn 13:
| Ënnerfamill = [[Asteroideae]]
| Ënnerfamill = [[Asteroideae]]
| Gattung = [[Senecio]] (Kräizkraider)
| Gattung = [[Senecio]] (Kräizkraider)
| Aart = Jakobsstaf
| Ënneraart =
| Wëssenschaftlechen Numm = Senecio jacobaea
| Wëssenschaftlechen Numm = Senecio jacobaea
| Wëssenschaftlechen Numm Auteur = '''[[Carl von Linné|L.]]'''
| Wëssenschaftlechen Numm Auteur = {{Kapitälchen|[[Carl von Linné|L.]]}}
| Ënnerandeelung_ranking =
| Ënnerandeelung_ranking =
| Ënnerandeelung =
| Ënnerandeelung =
Linn 23: Linn 21:


==Nimm==
==Nimm==
Aner Nimm am Lëtzebuergesche si beim [[Henri Klees]]: Jokobsstaf, Jakobsblumm, an, méi seelen, Hunnek(n)app.<ref>Cf. Klees 1972: 61 an der Literatur.</ref> Den [[Ernest Feltgen]] huet 1903 den Numm ''Jakobistaf'' fir ''Senecio jacobaea'', an ''Hunnekapp'' fir ''Senecio vulgaris'' benotzt.<ref>Feltgen, E., 1903. ''Die einheimischen Heilpflanzen, medizinisch-pharmazeutische Flora des Luxemburger Landes.'' P. Worré-Mertens, Luxemburg, S. 186.</ref> Den [[Edmond Joseph Klein|Edmond J. Klein]] féiert d'Aart 1897 als ''Jacobistâf''<ref>Cf. Klein 1897: 469 an der Literatur.</ref>, an de [[Joseph Weber (Zänndokter)|Joseph Weber]] 1890 als ''Jokobsschtâf'' net nëmmen fir ''Senecio Jacobea''<ref>Originalschreifweis an der Publikatioun, cf. Weber 1890: 38 an der Literatur.</ref>, mä och nach fir d'Aart ''Polemonium caeruleum'', déi an anere Sproochen éischter ''Jakobsleeder'' genannt gëtt.<ref>Cf. Weber 1890: 38 an der Literatur.</ref>
Aner Nimm am Lëtzebuergesche si beim [[Henri Klees]]: Jokobsstaf, Jakobsblumm, an, méi seelen, Hunnek(n)app.<ref>Cf. Klees 1972: 61 an der Literatur.</ref> Den [[Ernest Feltgen]] huet 1903 den Numm ''Jakobistaf'' fir ''Senecio jacobaea'', an ''Hunnekapp'' fir ''Senecio vulgaris'' benotzt.<ref>Feltgen, E., 1903. ''Die einheimischen Heilpflanzen, medizinisch-pharmazeutische Flora des Luxemburger Landes.'' P. Worré-Mertens, Luxemburg, S. 186.</ref> Den [[Edmond Joseph Klein|Edmond J. Klein]] féiert d'Aart 1897 als ''Jacobistâf''<ref>Cf. Klein 1897: 469 an der Literatur.</ref>, an de [[Joseph Weber (Zänndokter)|Joseph Weber]] 1890 als ''Jokobsschtâf'' net nëmme fir ''Senecio Jacobea''<ref>Originalschreifweis an der Publikatioun, cf. Weber 1890: 38 an der Literatur.</ref>, mä och nach fir d'Aart ''Polemonium caeruleum'', déi an anere Sproochen éischter ''Jakobsleeder'' genannt gëtt.<ref>Cf. Weber 1890: 38 an der Literatur.</ref>


De wëssenschaftleche Gattungsnumm ''Senecio'' kënnt vum lat. ''senex'' = Greis, den Aartennumm ''jacobaea'' bezitt sech op den Dag [[Jakobus den Eeleren|Jacobi]] am [[chrëschtentum|chrëschtlechen]] [[Hellegekalenner]], deen de [[25. Juli]] ass, wann d'Planz gewéinlech blitt.
De wëssenschaftleche Gattungsnumm ''Senecio'' kënnt vum lat. ''senex'' = Greis, d'[[Aart-Epitheton]] ''jacobaea'' bezitt sech op den Dag [[Jakobus den Eeleren|Jacobi]] am [[chrëschtentum|chrëschtlechen]] [[Hellegekalenner]], deen de [[25. Juli]] ass, wann d'Planz gewéinlech blitt.


==Beschreiwung==
==Beschreiwung==
Linn 39: Linn 37:


==De Jakobsstaf zu Lëtzebuerg==
==De Jakobsstaf zu Lëtzebuerg==
De Jakobsstaf ass zu Lëtzebuerg geleefeg an net bedréit.<ref>Cf. Colling 2005: 48 an der Literatur.</ref>
De Jakobsstaf ass zu Lëtzebuerg geleefeg an net bedreet.<ref>Cf. Colling 2005: 48 an der Literatur.</ref>


==Illustratiounen==
==Illustratiounen==

Aktuell Versioun vum 17:33, 17. Jun. 2021

Jakobsstaf
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Asteridae
Uerdnung Asterales
Famill Asteraceae
Ënnerfamill Asteroideae
Gattung Senecio (Kräizkraider)
Wëssenschaftlechen Numm
Senecio jacobaea
L.

De Jakobsstaf (Senecio jacobaea; Syn.: Jacobaea vulgaris) ass eng an Eurasien geleefeg Planz aus der Gattung Senecio, bannent der Famill vun den Asteraceae.

Aner Nimm am Lëtzebuergesche si beim Henri Klees: Jokobsstaf, Jakobsblumm, an, méi seelen, Hunnek(n)app.[1] Den Ernest Feltgen huet 1903 den Numm Jakobistaf fir Senecio jacobaea, an Hunnekapp fir Senecio vulgaris benotzt.[2] Den Edmond J. Klein féiert d'Aart 1897 als Jacobistâf[3], an de Joseph Weber 1890 als Jokobsschtâf net nëmme fir Senecio Jacobea[4], mä och nach fir d'Aart Polemonium caeruleum, déi an anere Sproochen éischter Jakobsleeder genannt gëtt.[5]

De wëssenschaftleche Gattungsnumm Senecio kënnt vum lat. senex = Greis, d'Aart-Epitheton jacobaea bezitt sech op den Dag Jacobi am chrëschtlechen Hellegekalenner, deen de 25. Juli ass, wann d'Planz gewéinlech blitt.

Senecio jacobaea ass e Kraut, dat meeschtens zwee Joer al gëtt, och alt emol méi al. Dat éischt Joer besteet se nëmmen aus ronn 20 cm laange Grondblieder. Eréischt dat zweet Joer entwéckelt sech e Still mat de Bléiestänn. D'Blieder hunn zackeg Borden, déi un den Extremitéite méi breet ginn.

D'Planze ginn 30 bis 100 cm grouss, a se bilden um ieweschten Deel eng Rëtsch giel Bléiekäpp a Form vun enger Schirmrispe. D'Bléiekäpp hunn en Duerchmiesser vun ongeféier 15 bis 25 mm.

De Jakobsstaf wiisst laanscht d'Felder, an de Wisen an op Broochen.

D'Planz (besonnesch d'Bléi) ass fir déi meescht Mamendéiere gëfteg, well se Pyrrolizidinalkaloiden enthält, déi schiedlech fir d'Liewer sinn. Päerd a Ranner kënnen, wa se ze vill där Planzen iwwer Jore friessen, dru stierwen.

Am Summer fënnt een dacks op Jakobsstaf-Planzen déi opfälleg giel-schwaarz gesträift Raup vun der Päiperleksaart Tyria jacobaeae, déi sech dorop spezialiséiert huet.

De Jakobsstaf zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

De Jakobsstaf ass zu Lëtzebuerg geleefeg an net bedreet.[6]

Illustratiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Colling, Guy, 2005. Red List of the Vascular Plants of Luxembourg. Ferrantia, 42, 1-77.
  • Haeupler, Henning & Thomas Muer, 2000. Bildatlas der Farn- und Blütenpflanzen Deutschlands. Ulmer Verlag, Stuttgart. ISBN 3-8001-3364-4.
  • Klees, Henri, 1972. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur Luxemburgischen Sprach- und Volkskunde VIII. Luxemburg.
  • Klein, E.J., 1897. Die Flora der Heimat (sowie die hauptsächlichsten bei uns kultivierten fremden Pflanzenarten biologisch betrachtet. Eine Anleitung zur selbständigen Beobachtung der Lebens- und Anpassungserscheinungen in der Pflanzenwelt). 552 S., Buchdruckerei Justin Schroell, Diekirch.
  • Oberdorfer, Erich, 1990. Pflanzensoziologische Exkursionsflora. 6. Aufl. Ulmer Verlag, Stuttgart. ISBN 3-8001-3454-3.
  • Weber, Josef, 1890. Lezeburjesch - latein - fransesch - deitschen Dixionèr fun de Planzen. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 12: 43-144.
Commons: Jakobsstaf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Cf. Klees 1972: 61 an der Literatur.
  2. Feltgen, E., 1903. Die einheimischen Heilpflanzen, medizinisch-pharmazeutische Flora des Luxemburger Landes. P. Worré-Mertens, Luxemburg, S. 186.
  3. Cf. Klein 1897: 469 an der Literatur.
  4. Originalschreifweis an der Publikatioun, cf. Weber 1890: 38 an der Literatur.
  5. Cf. Weber 1890: 38 an der Literatur.
  6. Cf. Colling 2005: 48 an der Literatur.