Christine Mailliet: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
Update am Gaang |
Florida, net Kalifornien |
||
Linn 5: | Linn 5: | ||
D'Christine Mailliet ass vun [[Ettelbréck]] a schwëmmt fir de [[Swimming Club le Dauphin Ettelbruck|Swimming Club le Dauphin]]. Hir Stäerkte sinn 200 a 400 m [[Crawl]]/[[Fräistil]]. Si huet schonn a ganz jonke Joren ugefaange kompetitiv ze trainéieren (8-9 Joer) an huet am Laf vun hirer Karriär hiert Talent mat enger jett nationale Championstitelen a Landesrekorder bewisen. |
D'Christine Mailliet ass vun [[Ettelbréck]] a schwëmmt fir de [[Swimming Club le Dauphin Ettelbruck|Swimming Club le Dauphin]]. Hir Stäerkte sinn 200 a 400 m [[Crawl]]/[[Fräistil]]. Si huet schonn a ganz jonke Joren ugefaange kompetitiv ze trainéieren (8-9 Joer) an huet am Laf vun hirer Karriär hiert Talent mat enger jett nationale Championstitelen a Landesrekorder bewisen. |
||
Dobäi wier d'Schwëmmercarrière op en Hoer fréi op en Enn gaangen. Nodeem déi jonk Ettelbréckerin eng ''13e commerce'' an der Täsch hat, sollten 12 Méint Intensivtraining am [[Vereenegt Staate vun Amerika|US-amerikanesche]] Bundesstaat [[ |
Dobäi wier d'Schwëmmercarrière op en Hoer fréi op en Enn gaangen. Nodeem déi jonk Ettelbréckerin eng ''13e commerce'' an der Täsch hat, sollten 12 Méint Intensivtraining zu [[Coral Springs (Florida)|Coral Springs]] am [[Vereenegt Staate vun Amerika|US-amerikanesche]] Bundesstaat [[Florida]] um Programm stoen<ref>{{Citation|url=https://persist.lu/ark:70795/9k1tvw3pd7/pages/67/articles/DIVL1363|titel=STADTPORTRÄT|bezochtdatum=18.06.2024|uitgever=Revue, p. 67.|Sprooch=de}}</ref><ref>Gricius, Pierre. ''Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012''. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 66-67. ISBN 978-2-9599734-5-1</ref>. E [[Klima]] dat ongewinnt a schlecht verdroe gouf, Kränkt an en Trainer deen éischter op [[Brasse]] wéi Kraul gekuckt huet, hunn der Schwëmmerin d'Decisioun, de Stage ofzebriechen an zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, net ze schwéier gemaach. Wéi si rëm doheem war, ass d'Mailliet nees krank ginn an hätt d'Schwamme bal fir zerguttst un den Nol gehaangen. |
||
Den definitive Comeback koum dunn [[2007]] zu [[Monaco]] op de [[Spiller vun de klenge Länner]]. D'Mailliet schwëmmt en neie Landesrekord op de 400m Fräistil a gewënnt d'Goldmedail. |
Den definitive Comeback koum dunn [[2007]] zu [[Monaco]] op de [[Spiller vun de klenge Länner]]. D'Mailliet schwëmmt en neie Landesrekord op de 400m Fräistil a gewënnt d'Goldmedail. |
Versioun vum 12:37, 18. Jun. 2024
Christine Mailliet | |
---|---|
Gebuer |
9. Januar 1987 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schwëmmer |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 2008 |
D'Christine Mailliet, gebuer den 9. Januar 1987 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schwëmmerin an Olympionickin.
Karriär
D'Christine Mailliet ass vun Ettelbréck a schwëmmt fir de Swimming Club le Dauphin. Hir Stäerkte sinn 200 a 400 m Crawl/Fräistil. Si huet schonn a ganz jonke Joren ugefaange kompetitiv ze trainéieren (8-9 Joer) an huet am Laf vun hirer Karriär hiert Talent mat enger jett nationale Championstitelen a Landesrekorder bewisen.
Dobäi wier d'Schwëmmercarrière op en Hoer fréi op en Enn gaangen. Nodeem déi jonk Ettelbréckerin eng 13e commerce an der Täsch hat, sollten 12 Méint Intensivtraining zu Coral Springs am US-amerikanesche Bundesstaat Florida um Programm stoen[1][2]. E Klima dat ongewinnt a schlecht verdroe gouf, Kränkt an en Trainer deen éischter op Brasse wéi Kraul gekuckt huet, hunn der Schwëmmerin d'Decisioun, de Stage ofzebriechen an zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, net ze schwéier gemaach. Wéi si rëm doheem war, ass d'Mailliet nees krank ginn an hätt d'Schwamme bal fir zerguttst un den Nol gehaangen.
Den definitive Comeback koum dunn 2007 zu Monaco op de Spiller vun de klenge Länner. D'Mailliet schwëmmt en neie Landesrekord op de 400m Fräistil a gewënnt d'Goldmedail.
D'Christine Mailliet, déi nach kuerz virun den Olympesch Summerspiller 2008 en neien nationale Rekord am 200m Fräistil am Championnat geschwommen hat, huet sech och zu Peking gutt geschloen a blouf nëmmen 20 Honnertstel hanner hirer eegener nationaler Beschtzäit.
Palmarès
- 2008: 39. Plaz, Olympesch Summerspiller 2008 iwwer 200m Fräistil mat 2:02.91
- 2008: Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller 2008. Neie Landesrekord mat 2:02.71 iwwer 200m Fräistil, Landeschampionnat, 15. Juni 2008.
- 2007: 1 Goldmedail (400m Fräistil, neie Landesrekord mat 4:24.67), 2 Sëlwermedailen (4x200m Fräistil, 4x100m 4-Nages), 3 Bronzemedailen (200m, 800m, 4x100m Fräistil), Spiller vun de klenge Länner, Monaco.
- 2005: 37. Plaz iwwer 200m Fräistil, Schwamm WM, Montréal (Kanada)
- 2005: 1 Goldmedail (4x200m Fräistil), 3 Sëlwermedailen (200m, 400m, 4x100m Fräistil) an 1 Bronzemedail (4x100m medley), Spiller vun de klenge Länner, Andorra
Kuckt och
- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
- ↑ D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelen(de)[1].
- ↑ Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 66-67. ISBN 978-2-9599734-5-1