Op den Inhalt sprangen

Aire de Berchem: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
GilPe (Diskussioun | Kontributiounen)
Kee Resumé vun der Ännerung
GilPe (Diskussioun | Kontributiounen)
Kee Resumé vun der Ännerung
Linn 5: Linn 5:
D'Raschtplaz Bierchem-West ({{Fr}} ''Aire de Berchem-Ouest'') läit ongeféier um [[Kilometerpunkt|KP]] 5,25 tëscht dem [[Gaasperecher Kräiz]] an der ''Ausfaart Léiweng'' (N° 2) an der Richtung fir op [[Diddeleng]].
D'Raschtplaz Bierchem-West ({{Fr}} ''Aire de Berchem-Ouest'') läit ongeféier um [[Kilometerpunkt|KP]] 5,25 tëscht dem [[Gaasperecher Kräiz]] an der ''Ausfaart Léiweng'' (N° 2) an der Richtung fir op [[Diddeleng]].


A Richtung [[Diddeleng]] gëtt se vun [[Aral]] exploitéiert, an Direktioun [[Lëtzebuerg (Stad)|Stad Lëtzebuerg]] vu [[Shell]]. D'Arals-Statioun (déi gréisst iwwerhaapt vun dëser Firma) sëtzt am Joer ronn 108 Millioune Liter ëm, déi an iwwer 1 Millioun Autoen a ronn 15.000 Camione gezaapt ginn. Eng hallef Millioun Leit passéieren all Joer an hirem Restaurant.
D'Statioun gëtt vun [[Aral]] exploitéiert an et ass déi gréisst Tankstell iwwerhaapt vun dëser Firma. Se sëtzt am Joer ronn 108 Millioune Liter ëm, déi an iwwer 1 Millioun Autoen a ronn 15.000 Camione gezaapt ginn. Eng hallef Millioun Leit passéieren all Joer an hirem Restaurant.

Nodeems d'Raschtplaz mat der Autobunn 1983 opgaangen ass, gouf se ëm 1994/95 vergréissert<ref>{{Citation|url=https://persist.lu/ark:70795/wxr63x/pages/12/articles/DTL135|titel=Avis d'adjudication|bezochtdatum=06.08.2024|auteur=d'Letzeburger Land, 41. Jg., nº 3, p. 12.|datum=21.01.1994|uitgever=Ministère des Travaux publics, Administration des Ponts et Chaussées, Division Centrale de la Voirie|Sprooch=fr}}</ref>.


== Bierchem-Ost ==
== Bierchem-Ost ==
Linn 32: Linn 34:
* [https://web.archive.org/web/20070711052834/http://www.advantage.lu/mmp/online/website/content/news/news_archive/news_activity/377_FR.html Iwwer d'Shell-Statioun] {{fr}} (archivéiert Versioun)
* [https://web.archive.org/web/20070711052834/http://www.advantage.lu/mmp/online/website/content/news/news_archive/news_activity/377_FR.html Iwwer d'Shell-Statioun] {{fr}} (archivéiert Versioun)
* [https://web.archive.org/web/20190123092842/https://www.100komma7.lu/program/episode/231581/201812071110-201812071120 Klangbild - Moies um hallwer zéng op der Raschtplaz], 100komma7.lu, 07. Dez 2018 - 11:10
* [https://web.archive.org/web/20190123092842/https://www.100komma7.lu/program/episode/231581/201812071110-201812071120 Klangbild - Moies um hallwer zéng op der Raschtplaz], 100komma7.lu, 07. Dez 2018 - 11:10
* [https://persist.lu/ark:70795/npmbzj/pages/9/articles/DTL162 Die Entdeckung des Stillstands - Aire de Berchem Ein Sommertag auf der umsatzstärksten Autobahntankstelle Europas], d'Letzeburger Land, 24.08.2001
*
{{Referenzen an Notten}}

[[Kategorie:Autobunnen zu Lëtzebuerg]]
[[Kategorie:Autobunnen zu Lëtzebuerg]]
[[Kategorie:Gemeng Réiser]]
[[Kategorie:Gemeng Réiser]]

Versioun vum 13:55, 6. Aug. 2024

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerungen, bis dëse Message verschwonnen ass oder kontaktéiert de Benotzer (GilPe), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann Dir näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen, nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

D'Spillplaz op der Aire de Berchem.

Aire de Berchem ass den Numm vun enger Koppel Raschtplaze mat Bensinnsstatioun op der lëtzebuergescher Autobunn A3, nieft der Uertschaft Bierchem an der Gemeng Réiser.

Bierchem-West

D'Raschtplaz Bierchem-West ((fr) Aire de Berchem-Ouest) läit ongeféier um KP 5,25 tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Ausfaart Léiweng (N° 2) an der Richtung fir op Diddeleng.

D'Statioun gëtt vun Aral exploitéiert an et ass déi gréisst Tankstell iwwerhaapt vun dëser Firma. Se sëtzt am Joer ronn 108 Millioune Liter ëm, déi an iwwer 1 Millioun Autoen a ronn 15.000 Camione gezaapt ginn. Eng hallef Millioun Leit passéieren all Joer an hirem Restaurant.

Nodeems d'Raschtplaz mat der Autobunn 1983 opgaangen ass, gouf se ëm 1994/95 vergréissert[1].

Bierchem-Ost

An der Richtung fir an d'Stad läit d'Raschtplaz Bierchem-Ost ((fr) Aire de Berchem-Est) tëscht der Opfaart Léiweng (N° 2) an dem Gaasperecher Kräiz, ongeféier um KP 5,25.

D'Bensinnsstatioun gëtt, zënter datt d'Autobunn 1983 opgaangen ass, vu Shell exploitéiert. Nodeems se 2016 komplett renovéiert gouf, sti momentan 27 Pompele fir Autoen an der 24 fir schwéier Gefierer zur Verfügung. Dem Exploitant no ass et déi gréisst Shell-Statioun weltwäit; se verkeeft iwwer 260 Millioune Liter Sprit am Joer, a se gëtt mat ronn 20 Camionen den Dag beliwwert.

D'Statioun ka bis 25.000 Clienten am Dag zerwéieren an am Ganze passéieren hei ronn 1,5 Millioune Cliente bannent engem Joer.

Fir Shell a Starbucks zesummen, schaffe ronn 100 Leit op der Raschtplaz Bierchem-Ost; McDonald's beschäftegt sengersäits nach ronn 30 Leit.

Soss

  • Den Dokumentarfilm "Plein d'essence" vun der Geneviève Mersch vun 2007 beschreift de Mikrokosmos vun dëser Raschtplaz.
  • E Foussgängertunnel ënnert der Autobunn verbënnt déi zwou Raschtplaze mateneen. Uganks als technesche Passage just fir d'Personal gebaut, goufen méi spéit an nodeems et zu engem déidlechen Accident koum, wéi Leit ze Fouss queesch iwwer d'Autobunn gelaf sinn[2], fir jiddereen accessibel.
  • Am Oktober 1989 gouf et eng Explosioun op der Aral-Statioun, wouduerch déi eng Zäit laang zou war[3].

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelen(fr)[1].
  2. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelen(de)[2].
  3. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelen(de)[3].