Op den Inhalt sprangen

Uluru: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k Bot Änneren: fi:Uluru
k r2.5.2) (Bot Derbäi setzen: eu:Uluru
Linn 54: Linn 54:
[[es:Uluru]]
[[es:Uluru]]
[[eo:Uluru]]
[[eo:Uluru]]
[[eu:Uluru]]
[[fr:Uluru]]
[[fr:Uluru]]
[[ko:울루루]]
[[ko:울루루]]

Versioun vum 14:56, 18. Dez. 2010

Den Uluru ass de gréisste Monolith op der Äerd an déi wuel bekanntesten Touristenattraktioun vun Australien. Den Uluru oder Ayers Rock, wéi een nach haut meeschtens genannt gëtt, ass e Rescht vun enger Biergkett.

Geographie

Den Ayers Rock

Den Uluru leit am Uluru-Kata Tjuta Nationalpark 460 km südëstlech vun Alice Springs ewech, am Northern Territory matten an der riseger rouder Wüst vun Australien.

En ass 4 ½ km laang, 2 ½ km breet an 348,7 m héich.

Geologie

Uluru heescht iwwersat : Plaz am Schiet. En ass e geologescht Phänomen. De roude Sandsteemonolith steet 348 Meter aus dem australeschen Outback eraus. Mä dat ass eigentlech nëmmen d'Spëtz dovun, de Rescht, läit bis zu sechsdausend Meter déif ënnert der Äerdiwwerfläch. Op senger Uewerfläch si lauter Waasserlächer, verschiddener esou déif, datt si ni ausdréchnen. De wéinege Reen deen an där dréchner Wüst fält, sammelt sech op engem risege Platto a speist ëm de Fiels ronderëm e fruchtbare Buedem.

Zënter Joerdausenden ass den Uluru eng Quell vu Waasser an Nahrung fir d'Mënschen an Déieren.

Tëschent dem Dag an der Nuecht ginn et riseg Temperaturschwankungen. Am Dag kënnen Temperaturen bis op 40 Grad eropklammen, wuergéint se an der Nuecht an de Minus falen. Dohir geet d'Gestengs duerch d'Hëtzt am Dag auserneen an an der Nuecht duerch d'Keelt zitt et sech zesummen. Déi Temperaturschwankunge féieren dozou datt den Uluru lues a lues zerbréckelt.

Eigentlech besteet de Monolith aus déckkäregem groe Sand. Seng rout Faarf huet hie kritt duerch de Stëbs, deen de Wand aus der rouder Wüst op hie bléist.

Geschicht

Den Uluru ass en hellegen Uert fir d'Anangu, déi Aboriginis déi an dëser Géigend schonn zënter dausende vu Jore liewen. 1871 huet den Uluru vum europäeschen Entdecker William Gosse de Numm Ayers Rock kritt. De Numm kënnt vum deemolegem Premierminister dem Sir Henry Ayers vu South Australia. De Gosse, dee vu Beruff Vermiessungsingenieur war, huet de Monolith 1873 als Éischten erfuerscht. An den 80er Joren ass tëscht den Aboriginis an dem australesche Stat en Ofkommes getraff ginn, déi d'Benotze vum Uluru festleet. D'Land ronderëm de Fiels kruten d'Urawunner zeréck, ënnert der Konditioun de Nationalpark fir Touristen zougänglech ze loossen. D'Hoteller direkt beim Fiels sinn dunn och an déi nei gebaute Stad Yulara verluecht ginn. D'Reschter dovunner sinn nach haut ze erkennen.

Kuckeswäertes

D'Australier bezeechnen den Uluru och gären als rout Häerz. Deen Numm kënnt vun der staarker rouder Faarf vum eisenhaltege Sandsteen. Jee no Sonnenstand- oder strahlung liicht an deene verschiddenste Roudtéin, wéi feierrout, purpurrout, rosa a violett.

Mat enger Ketten kann een op den Ayers Rock eropklammen, wou ee vun uewen eng wonnerbar Aussicht huet. D'Eropklammen dauert ongeféier 30 – 35 Minutten. De Rekord läit bei 12 Minutten.

Et kann een och en Entdeckungstour ronderëm de Monolith maachen, wou een déi jordausendal Hiel kucke kann. D'Zeechnungen op de Wänn sinn deelweis méi al wéi 30.000 Joer, an handelen iwwer d'Dramzäit, d'Mythologie an d'Schöpfungsgeschicht vun den Aboriginis. Déi Geschicht ass geheim an néierens schrëftlech festgehalen a konnt bis elo net vun de Wëssenschaftler enträtselt ginn.

Den Ayers Rock
Commons: Uluru – Biller, Videoen oder Audiodateien