Op den Inhalt sprangen

Spuerkeessgebai: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k ortho, replaced: d’ → d'
k ortho, replaced: l’ → l' (3) using AWB
Linn 2: Linn 2:
D''''Spuerkeessgebai''' ass den Haaptsëtz vun der [[Spuerkeess]] (''Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat'') op der Metzer Plaz an der [[Stad Lëtzebuerg]]. Et gouf vum Architekt [[Jean-Pierre Koenig]] entworf a bannen 3 Joer vun 1910 u gebaut an de [[15. November]] [[1913]] ageweit.
D''''Spuerkeessgebai''' ass den Haaptsëtz vun der [[Spuerkeess]] (''Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat'') op der Metzer Plaz an der [[Stad Lëtzebuerg]]. Et gouf vum Architekt [[Jean-Pierre Koenig]] entworf a bannen 3 Joer vun 1910 u gebaut an de [[15. November]] [[1913]] ageweit.


D'Plaz, tëscht der [[Nei Bréck|Neier Bréck]] an dem Ufank vun der [[Nei Avenue|Neier Avenue]], war vum Staat um frësch urbaniséierte Plateau Bourbon fir d'Bank erausgesicht ginn, fir datt se do e represantatiivt a markant Gebai opriichte sollt. D'Gebai sollt, nom Wëlle vum liberale Staatsminister [[Paul Eyschen]], eng nei Epoch symboliséieren, den Tuerm am Stadbild e Kontrapunkt zum Kierchtuerm vun der [[Méchelskierch (Stad Lëtzebuerg)|Méchelskierch]] an der Alstad setzen.<ref>[http://www.saarland.de/dokumente/thema_denkmal/Fi_Luxemb_Spuerkees_2010_kompl.pdf "D’Spuerkees an déi aal (''sic'') Eisebunnsdirektioun – Sièges de la Caisse d'Epargne de l’Etat et de la Direction des Chemins de fer."]</ref>
D'Plaz, tëscht der [[Nei Bréck|Neier Bréck]] an dem Ufank vun der [[Nei Avenue|Neier Avenue]], war vum Staat um frësch urbaniséierte Plateau Bourbon fir d'Bank erausgesicht ginn, fir datt se do e represantatiivt a markant Gebai opriichte sollt. D'Gebai sollt, nom Wëlle vum liberale Staatsminister [[Paul Eyschen]], eng nei Epoch symboliséieren, den Tuerm am Stadbild e Kontrapunkt zum Kierchtuerm vun der [[Méchelskierch (Stad Lëtzebuerg)|Méchelskierch]] an der Alstad setzen.<ref>[http://www.saarland.de/dokumente/thema_denkmal/Fi_Luxemb_Spuerkees_2010_kompl.pdf "D’Spuerkees an déi aal (''sic'') Eisebunnsdirektioun – Sièges de la Caisse d'Epargne de l'Etat et de la Direction des Chemins de fer."]</ref>


D'Gebai ass am franséischen Neo-Renaissance-Stil mat [[Jugendstil]]-Elementer. D'Skulpturen, déi d'Haaptentrée flankéieren, si vum [[Jean Mich]]. Si symboliséieren de [[Merkur (Mythologie)|Merkur]] an d'[[Ceres (Mythologie)|Ceres]], déi [[Réimesch Mythologie|réimesch Gëtter]] fir respektiv den Handel an d'Landwrtschaft.
D'Gebai ass am franséischen Neo-Renaissance-Stil mat [[Jugendstil]]-Elementer. D'Skulpturen, déi d'Haaptentrée flankéieren, si vum [[Jean Mich]]. Si symboliséieren de [[Merkur (Mythologie)|Merkur]] an d'[[Ceres (Mythologie)|Ceres]], déi [[Réimesch Mythologie|réimesch Gëtter]] fir respektiv den Handel an d'Landwrtschaft.
Linn 13: Linn 13:


==Literatur==
==Literatur==
* [[Antoinette Lorang]]: ''Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté. Späthistorische Architektur in Luxemburg''. Luxembourg, Publications de la Section historique de l’Institut G.-D. de Luxembourg, 1988.
* [[Antoinette Lorang]]: ''Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté. Späthistorische Architektur in Luxemburg''. Luxembourg, Publications de la Section historique de l'Institut G.-D. de Luxembourg, 1988.
* [[Robert L. Philippart]]: ''Luxembourg. De l’historicisme au modernisme, de la ville forteresse à la capitale nationale''. Steinsel, Ilôts, 2006, 2t.
* [[Robert L. Philippart]]: ''Luxembourg. De l'historicisme au modernisme, de la ville forteresse à la capitale nationale''. Steinsel, Ilôts, 2006, 2t.


{{Referenzen}}
{{Referenzen}}

Versioun vum 08:53, 5. Feb. 2015

D'Spuerkeessgebai (2012)

D'Spuerkeessgebai ass den Haaptsëtz vun der Spuerkeess (Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat) op der Metzer Plaz an der Stad Lëtzebuerg. Et gouf vum Architekt Jean-Pierre Koenig entworf a bannen 3 Joer vun 1910 u gebaut an de 15. November 1913 ageweit.

D'Plaz, tëscht der Neier Bréck an dem Ufank vun der Neier Avenue, war vum Staat um frësch urbaniséierte Plateau Bourbon fir d'Bank erausgesicht ginn, fir datt se do e represantatiivt a markant Gebai opriichte sollt. D'Gebai sollt, nom Wëlle vum liberale Staatsminister Paul Eyschen, eng nei Epoch symboliséieren, den Tuerm am Stadbild e Kontrapunkt zum Kierchtuerm vun der Méchelskierch an der Alstad setzen.[1]

D'Gebai ass am franséischen Neo-Renaissance-Stil mat Jugendstil-Elementer. D'Skulpturen, déi d'Haaptentrée flankéieren, si vum Jean Mich. Si symboliséieren de Merkur an d'Ceres, déi réimesch Gëtter fir respektiv den Handel an d'Landwrtschaft.

Op dem anere Véierelsbou vun der Metzer Plaz gouf, zäitgläich mam Spuerkeessgebai, de Verwaltungssëtz vun der Direction générale impériale des Chemins de fer en Alsace-Lorraine opgeriicht, déi deemools d'Guillaume-Luxembourg-Eisebunnsgesellschaft exploitéiert huet.

1933 gouf d'Spuerkeessgebai laanscht de Boulevard de la Pétrusse, no Pläng vum Joseph Nouveau, vergréissert.

Am Gebai ass zanter 1995 och de Bankemusée.

Literatur

  • Antoinette Lorang: Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté. Späthistorische Architektur in Luxemburg. Luxembourg, Publications de la Section historique de l'Institut G.-D. de Luxembourg, 1988.
  • Robert L. Philippart: Luxembourg. De l'historicisme au modernisme, de la ville forteresse à la capitale nationale. Steinsel, Ilôts, 2006, 2t.

Referenzen

  1. "D’Spuerkees an déi aal (sic) Eisebunnsdirektioun – Sièges de la Caisse d'Epargne de l'Etat et de la Direction des Chemins de fer."
Commons: Banque et caisse d'épargne de l'État – Biller, Videoen oder Audiodateien