Jakobsstaf
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Ënnerklass | Asteridae |
Uerdnung | Asterales |
Famill | Asteraceae |
Ënnerfamill | Asteroideae |
Gattung | Senecio (Kräizkraider) |
Aart | Jakobsstaf |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Senecio jacobaea | |
L. | |
De Jakobsstaf (Senecio jacobaea; Syn.: Jacobaea vulgaris) ass eng an Eurasien geleefeg Planz aus der Gattung Senecio, bannent der Famill vun den Asteraceae.
Nimm
Aner Nimm am Lëtzebuergesche si beim Henri Klees: Jokobsstaf, Jakobsblumm, an, méi sielen, Hunnek(n)app.[1] Den Ernest Feltgen huet 1903 den Numm Jakobistaf fir Senecio jacobaea, an Hunnekapp fir Senecio vulgaris benotzt.[2] Den Edmond J. Klein féiert d'Aart 1897 als Jacobistâf [3], an de Joseph Weber als Jokobsschtâf net nëmmen fir Senecio Jacobea[4], mä och nach fir d'Aart Polemonium caeruleum, déi an anere Sproochen éischter Jakobsleeder genannt gëtt.[5]
De wëssenschaftlechen Gattungsnumm Senecio kënnt vum lat. senex = Greis, den Aartennumm jacobaea bezitt sech op den Dag Jacobi am chrëschtlechen Hellegekalenner, deen de 25. Juli ass, wann d'Planz gewéinlech blitt.
Beschreiwung
Senecio jacobaea ass e Kraut, dat meeschtens zwee Joer al gëtt, och alt emol méi al. Dat éischt Joer besteet se nëmmen aus ronn 20 cm laange Grondblieder. Eréischt dat zweet Joer entwéckelt sech e Still mat de Bléiestänn. D'Blieder hunn zackeg Borden, déi un den Extremitéite méi breet ginn.
D'Planze ginn 30 bis 100 cm grouss, a se bilden um ieweschten Deel eng Rëtsch giel Bléiekäpp a Form vun enger Schirmrispe. D'Bléiekäpp hunn en Duerchmiesser vun ongeféier 15 bis 25 mm.
De Jakobsstaf wiisst laangscht d'Felder, an de Wisen an op Broochen.
D'Planz (besonnesch d'Bléi) ass fir déi meeschte Mamendéiere gëfteg, well se Pyrrolizidinalkaloiden enthält, déi schiedlech fir d'Liewer sinn. Päerd a Ranner kënnen, wann se zevill där Planzen iwwer Joere friessen, dru stierwen.
Am Summer fënnt een dacks op Jakobsstaf-Planzen déi opfälleg giel-schwaarz gesträifte Raup vun der Päiperleksaart Tyria jacobaeae, déi sech dorop spezialiséiert huet.
De Jakobsstaf zu Lëtzebuerg
De Jakobsstaf ass zu Lëtzebuerg geleefeg an net bedréit.[6]
Illustratiounen
-
Blatrosett am éischte Joer.
-
Bléien am zweete Joer.
-
Tyria jacobaeae-Eeër
ënnert engem Blat. -
Tyria jacobaeae-Raup
frësst Blieder. -
Tyria jacobaeae-Raupen op engem Bléiestand.
Literatur
- Colling, Guy, 2005. Red List of the Vascular Plants of Luxembourg. Ferrantia, 42, 1-77.
- Haeupler, Henning & Thomas Muer, 2000. Bildatlas der Farn- und Blütenpflanzen Deutschlands. Ulmer Verlag, Stuttgart. ISBN 3-8001-3364-4.
- Klees, Henri, 1972. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur Luxemburgischen Sprach- und Volkskunde VIII. Luxemburg.
- Klein, E.J., 1897. Die Flora der Heimat (sowie die hauptsächlichsten bei uns kultivierten fremden Pflanzenarten biologisch betrachtet. Eine Anleitung zur selbständigen Beobachtung der Lebens- und Anpassungserscheinungen in der Pflanzenwelt). 552 S., Buchdruckerei Justin Schroell, Diekirch.
- Oberdorfer, Erich, 1990. Pflanzensoziologische Exkursionsflora. 6. Aufl. Ulmer Verlag, Stuttgart. ISBN 3-8001-3454-3.
- Weber, Josef, 1890. Lezeburjesch - latein - fransesch - deitschen Dixionèr fun de Planzen. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 12 : 43-144.
Um Spaweck
Commons: Jakobsstaf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Kaart iwwer d'Verbreesung
- Jakobskreuzkraut (Senecio jacobaea) - Eine Giftpflanze auf dem Vormarsch, 2010, vun der Landwirtschaftskammer Nordrhein-Westfalen.
- Naturschutzorientierte Informationen zum Jakobs-Greiskraut und seiner ökologischen Bedeutung.
Referenzen
- ↑ Cf. Klees 1972: 61 an der Literatur.
- ↑ Feltgen, E., 1903. Die einheimischen Heilpflanzen, medizinisch-pharmazeutische Flora des Luxemburger Landes. P. Worré-Mertens, Luxemburg, S. 186.
- ↑ Cf. Klein 1897: 469 an der Literatur.
- ↑ Originalschreifweis an der Publikatioun, cf. Weber 1890: 38 an der Literatur.
- ↑ Cf. Weber 1890: 38 an der Literatur.
- ↑ Cf. Colling 2005: 48 an der Literatur.