Gaston Mannes
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Gast (Gaston) Mannes, gebuer de 5. Mäerz 1947 zu Waasserbëlleg, ass e lëtzebuergeschen Däitschprofesser, Literaturwëssenschaftler an Auteur.
Am Kader vum Stage fir Professer am Secondaire ze ginn, huet hien 1976 eng Aarbecht iwwer dem Bertolt Brecht seng Sonette verdeedegt. Als Professer war hie laang am Lycée Michel-Rodange an der Stad ugestallt.
Hien ass Mataarbechter vum CNL, a Bibliothekar um groussherzoglechen Haff, wou hie fir d'Gestioun vun der Lëtzebuerger Haffbibliothéik responsabel ass.
De Gast Mannes ass mat der Germanistin Josiane Weber bestuet a wunnt an der Stad.
Wierker
- Michels, P.: Choix de textes. 1917-1922; Textes présentés, annotés et commentés par Gast Mannes, Centre national de littérature, Miersch 2004, ISBN 2-919903-13-6
- Luxemburgische Avantgarde. Zum europäischen Kulturtransfer im Spannungsfeld von Literatur, Politik und Kunst zwischen 1916 und 1922. Éditions phi, Esch-Uelzecht / CNL, Miersch 2007, 422 S. ISBN 978-2-87962-235-4
- Rockstrohs Gespräche mit Heinrich von Kleist: Etüden der Aufklärung. Berlin, 2011 ISBN 978-3-89479-690-7. Och als Kindle Editioun fir erofzelueden.