Speech
Ausgesinn
Speeche si bei Rieder, déi net aus vollem Material bestinn, laang Stief, meeschtens aus Holz oder Stol, déi d'Nuef mat der Felg, oder wa keng Felg do ass, dee baussechten Deel vum Rad, matenee verbannen.
Et ënnerscheet een esou ofhängeg vum Material a vum Opbau vum Rad, Speechen déi op Drock reagéieren, (z.B. bei Kutscherieder) oder Speechen déi op Zuch reagéieren, wéi z.B. bei de meeschte Vëlosrieder.