Delphinus (Stärebild)
Lëtzebuergeschen Numm | Delphin |
Laténgeschen Numm | Delphinus |
Laténgesche Genitiv | Delphini |
Laténgesch Ofkierzung | Del |
Positioun | um Himmelsequator |
Rektaszensioun | 20h 42m |
Deklinatioun | 13° 48' |
Fläch | 189 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 70° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Summer |
Zuel vun de Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
β Delphini (Rotanev) 3,63m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Vulpecula Sagitta Aquila Aquarius Equuleus Pegasus |
Den Delphin (latäin: Delphinus) ass e Stärebild an der Géigend vum Himmelsequator.
Beschreiwung
Den Delphin ass e klengt, awer däitlecht Summerstärebild, dat d'Form vun enger Raut huet. Et steet nordwestlech vum helle Stär Atair am Aquila (Adler) a kann dofir liicht fonnt ginn.
Wéinst senger Positioun um Himmelsequator kann et op der ganzer Welt gesi ginn.
Geschicht
Den Delphin gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller vun der Antikitéit, déi schonns de Ptolemäus kannt huet.
D'Nimm Sualocin an Rotanev, sti fir déi hellste Stären a ginn op den italieneschen Astronom Niccolo Cacciatore zréck, dem Nofolger vum Giuseppe Piazzi am Observatoire vu Palermo. Liest een d'Stärennimm hannerzeg, ergëtt sech doraus „Nicolaus Venator“ eng laténgesch Form vum Cacciatores sengem Numm. Hien huet déi Nimm am Joer 1814 an ee Stärekatalog agedroen, an huet sech op déi Aart a Weis gläich zweemol um Himmel veréiwegt. Hien ass bis elo deen eenzegen Astronom deem esou eppes gelongen ass.
Himmelsobjeten
Stären
B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
β | 6 | Rotanev | 3,63m | F5 IV | |
α | 9 | Sualocin | 3,77m | B9 IV | |
γ | 12 | 3,9m | K1 IV + F7 V | ||
ε | 2 | 4,03m | |||
δ | 11 | 4,43m | |||
ζ | 4 | 4,64m | |||
κ | 7 | 5,07m | |||
17 | 5,19m | ||||
η | 3 | 5,39m | |||
ι | 5 | 5,42m | |||
18 | 5,51m | ||||
16 | 5,54m | ||||
13 | 5,57m | ||||
θ | 8 | 5,69m | |||
10 | 6,01m | ||||
15 | 6,01m | ||||
1 | 6,03m | ||||
14 | 6,32m |
De β Delphini (Rotanev), den hellste Stär am Delphinus, ass 80 Liichtjoer vun eis ewech. Hie gehéiert zu der Spektralklass F5 IV.
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
α | ||
γ | 4,3m/5,2m | 9,2" |
Den zweethellste Stär α Delphini (Sualocin) ass e Méifachstäresystem, dat aus sechs Komponente besteet, déi ronn 200 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech sinn. D'Stäre stinn allerdéngs esou no beieneen, datt se nëmme mat engem groussen Teleskop z'observéiere sinn.
Den γ Delphini ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 105 Liichtjoer. Déi béid Komponente gehéieren zu de Spektralklassen K0 an F7.
Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
R | 7,6 bis 13,8m | 285,5 Deeg | Mira-Stär |
Den R Delphini ass e verännerleche Stär vum Typ Mira dee seng Hellegkeet bannent enger Zäit vun 285,5 Deeg staark verännert
Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
6891 | 10,5m | Planetareschen Niwwel | |||
6934 | 9,8m | Kugelstärekoup | |||
7006 | 11,5m | Kugelstärekoup |
De Kugelstärekoup 7006 ass mat 185.000 Liichtjoer extrem wäit ewech.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Delphinus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |