(29) Amphitrite
Ausgesinn
(29) Amphitrite | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Grouss Hallefachs | 2,555 A.E. |
Perihel – Aphel | 2,369 – 2,741 AE |
Exzentrizitéit | 0,073 |
Inklinatioun | 6,09 Grad |
Sideresch Ëmlafzäit | 4,08 a |
Mëttel Bunnvitesse | 18,6 km/s |
Physikalesch Eegeschaften | |
Duerchmiesser | (212 ± 7) km |
Mass | ? kg |
Albedo | 0,18 |
Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 5h 24m |
Absolut Hellegkeet | 5,9 |
Spektralklass | S-Typ |
Entdecker Albert Marth | |
Entdeckungsjoer | 1. Mäerz 1854 |
Aner Bezeechnungen |
Den (29) Amphitrite ass en Asteroid vun der Asteroiden-Haaptceinture, deen den 1. Mäerz 1854 vum Albert Marth entdeckt gouf. Den Asteroid gouf no der griichesch-réimescher Mieresgëttin Amphitrite, Duechter vum Nereus an dem Doris, Frau vum Poseidon genannt.
Den Amphitrite huet e geschaten Duerchmiesser vun eppes méi wéi 200 Kilometer a gehéiert domat zu de gréissten Asteroiden vun der Haaptceinture. Hie rotéiert a 5 Stonnen a 24 Minutten ëm déi eegen Achs.
Während der Oppositioun erreecht d’Amphitrite eng visuell Magnitude vun 8,8m an ass ee vun den hellsten Asteroiden um Nuetshimmel. Fir hien opzefannen, brauch een allerdéngs en Teleskop oder eng liichtstaark Spektiv.
Aspekter
Stationäer, dann réckleefeg |
Oppositioun | Distanz | Hellegkeet | Stationäer, dann ietsleefeg |
Konjunktioun |
---|---|---|---|---|---|
30. Januar 2009 | 21. Mäerz 2009 | 1,64688 AE | 9,1 mag | 11. Mee 2009 | 14. November 2009 |
16. Mee 2010 | 3. Juli 2010 | 1,67434 AE | 9,4 mag | 22. August 2010 | 25. Februar 2011 |
19. September 2011 | 6. November 2011 | 1,39018 AE | 8,7 mag | 19. Dezember 2011 | 15. Juli 2012 |
22. Januar 2013 | 12. Mäerz 2013 | 1,62243 AE | 9,1 mag | 2. Mee 2013 | 6. November 2013 |
6. Mee 2014 | 24. Juni 2014 | 1,69407 AE | 9,5 mag | 13. August 2014 | 15. Februar 2015 |
7. September 2015 | 25. Oktober 2015 | 1,39680 AE | 8,7 mag | 8. Dezember 2015 | 3. Juli 2016 |