Op den Inhalt sprangen

Costa Concordia

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Costa Concordia
Technesch Donnéeën (Iwwerbléck)
Schëffstyp: Passagéierschëff
Asaz: Croisièren
Tonnage: 112000 BRT
Maschinnen: Dieselmotoren
Längt (i.W.): 290 m
Breet (i.W.): 36 m
Déifgang: 8m
Reesvitesse: 24 Kniet
Passagéierkapazitéit: 3788
Equipage: 1100
Baujoer: 2006
Bauwerft: Fincantieri
Pavillon: Italien
Decker: 17

D'Costa Concordia ass d'Flaggschëff vun der italienescher Reederei Costa Crocieri. Et ass dat éischt vun dräi bei der Werft Fincantieri bestallte Croisièresschëffer duerch d'Reederei Costa Crocieri (Genua) a war bei senger Ausliwwerung dat weltwäit sechstgréisst Croisièresschëff.

De faarwege Bannendesign orientéiert sech no de Länner vun Europa, no deenen och d'Decker genannt goufen. Den amerikaneschen Designer Joe Farcus huet wéi bei allen neie Costa Schëffer, zënter der Costa Atlantica, wéi och bei de meeschte Carnival-Schëffer, d'Bannenariichtung entworf.

De 15. Juli 2006 huet dëst neit, a mat 112.000 BRT, gréisste Schëff vun der Costa-Flott, déi éischt Croisière gemaach.

D'Costa Concordia ass den 13. Januar 2012 owes géint 22:00 Auer virun der italienescher Insel Giglio op Grond gelaf. Duerch massive Waasserabroch huet d'Schëff sech op d'Säit geluecht an d'Passagéier hu missen evacuéiert ginn.

Baugläich Schwësterschëffer

Aner Schëffer vun der Flott

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Costa Concordia – Biller, Videoen oder Audiodateien