Wollef
Dësen Artikel iwwer Hënn ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Wollef | |||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Wollef | |||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
'Canis lupus' „Linnaeus“ 1758 |
De Wollef (Canis lupus) ass e Raubdéier vun der Gattung Canis, aus der Famill vun den Hënn (Canidae).
Wëllef ware fréier a ganz Europa verbreet, goufen awer a West- a Mëtteleuropa sou gutt wéi ausgerott.
Wëllef gläiche grondsätzlech engem groussen Haushond, just datt hiren Torso méi laang an d'Broscht méi héich ass. De Kapp ass relativ grouss, d'Stier breet, an d'Oueren éischter kuerz. De Schwanz ass buuschteg an ongeféier en Drëttel esou laang wéi de Kierper.[1] D'Faarf vum Pelz variéiert; et gi wäiss, crèmefaarweg, donkel, gielzeg, roudelzeg, gro a schwaarz Wëllef. An den temperéierte Klimazone vun Europa ass déi dominant Faarf gro, méi am Norde gëtt d'Proportioun vun de schwaarzen a wäisse méi grouss. De Bauch, d'Been an d'Maul si méi hell wéi de Rescht vum Kierper. Och Gréisst a Gewiicht ass no de Géigende verschidden: an de Bëschgéigende vu Lettland, Wäissrussland, Alaska a Kanada kënne se vu Kapp bis Hënner bis zu 160 cm a vum Buedem bis un d'Schëller 80 cm grouss a bis zu 80 kg schwéier ginn. Am Viischten Orient an op der arabescher Hallefinsel gi se just bis zu 80 cm laang a ronn 20 kg schwéier. Déi mëtteleuropäesch Wëllef leien tëschent deenen zwee Extremer.
Et ginn dräizéng lieweg an zwou ausgestuerwen Ënneraarten.
Déi normal Sozialuerdnung vun de Wëllef ass d'Ruddel. Dëst besteet an der Regel aus enger Eltere-Koppel mat hirem Nowuess. Jonk Wëllef ginn eréischt mat zwee Joer geschlechtsräif a siche sech dann hiert eegent Revéier. Bis dohi këmmere se sech mat ëm hir jonk Gesëschter, déi dat Joer no hinne gebuer goufen. Wëllefsruddelen hunn all e fest Revéier, dat se, wann et muss sinn, vehement verdeedegen.
De Wëllef hiren Haaptkascht besteet aus mëttele bis grousse Planzefréisser, déi s'am Ruddel joen, ewéi (je no Géigend) Elchen, Rendéieren a soss Hirschaarten, an an de Bierger Wëllschwäin, Wëllschof a Steebéck. Dobäi komme méi kleng Mamendéieren ewéi Huesen, Kanéngchen, Wullmais a Lemmingen, an, nobäi bei de Mënschen, och alt Schof, Kaalwer, Haushënn a -kazen. D'Wëllef friessen och Planze wéi Molbier, Airellen, Schwaarzbier, Wëlluebst, Spackelter a Grieser.
De Wollef zu Lëtzebuerg
Dee leschte Wollef zu Lëtzebuerg gouf de 24. Abrëll 1893 am Ouljer Bësch beim "Kiem" vum Édouard Wolff erschoss. [2]
Am Juli 2011 gouf an der Gemeng Gedinne, an der belscher Provënz Namouer, fir d'éischt zënter 110 Joer, nees e Wollef gesinn.[3] Et ass deemno net auszeschléissen, datt en och zu Lëtzebuerg nees opdauche kéint.
De Wollef a Mythos a Literatur
Literatur
- Faber, Ernest (1908): Der Wolf, seine Lebensweise und frühere Verbreitung im Großherzogtum. Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois, 28: 389-394, 411-419 (cf. S. 412).
- Luxemburger Zeitung (1893), Nr. 115 (25. Apr.): 3 (Wolf im Rodenburger Wald von Richter Wolff erlegt).
- Massard, Jos. A. (1985): Zum hundertsten Jahrestag der ersten Tollwutimpfung (II): Von Hunden und Wölfen. Tageblatt 1985, Nr. 159 (13. Jul.): 9.
- Massard, Jos. A. (1986): Wölfe in Luxemburg. Lëtzebuerger Almanach 1987, Luxemburg: 353-374 (cf. S. 372-373).
Um Spaweck
Commons: Canis lupus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Henryk Okarma: Der Wolf. Ökologie, Verhalten, Schutz. Parey, Berlin 1997, S. 11 ff.
- ↑ Op der Gedenkplack, déi de Saint Hubert Club am Joer 1937 gestëft huet, steet fälschlecherweis, dat wier am Joer 1892 geschittCommune de Betzdorf: Tourisme. Les sentiers. Wollefswee (download: 2.12.2008).
- ↑ "Le loup est de retour en Belgique... après un siècle." lesoir.be, 22 September 2011, 21:41.
Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA