Äifel
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Äifel ass eng hiwweleg Regioun a Westdäitschland, an Nordrhein-Westfalen an a Rheinland-Pfalz, südëstlech an ëstlech vun de belschen Ostkantonen, an nordëstlech vu Lëtzebuerg. Si stéisst also un d'Belsch an un de Grand-Duché. Uertschaften ewéi Bitburg, Neierbuerg, Manderscheid, Krounebuerg a Schleiden hu bis 1794/95 zum Lëtzebuerger Land gehéiert, dono zu den Departementer Forêts respektiv Ourthe, an 1815 sinn se u Preisen annektéiert ginn.
D'Äifel gëtt am Süde vun der Musel begrenzt, an am Oste vum Rhäin. Se huet Ausleefer: am Nordwesten, d'Héicht Venn ( fr. "Hautes Fagnes" an der Belsch), an am Westen d'Éislek an d'Ardennë bis a Frankräich eran. D'Äifel, d'Éislek an d'Ardennë gehéieren zur selwechter geologescher Formatioun. Wat d'Äifel vum Éislek a vun den Ardennen ënnerscheet ass hire vulkaneschen Ursprong (kuckt: Vulkanäifel). Dat ass an Däitschland nach däitlech un de Maaren a Kraterséien ze erkennen.
Stied an der Äifel
- An der Äifel: Adenau, Bad Münstereifel, Bad Neuenahr-Ahrweiler, Béiberech, Daun, Eupen (Belsch), Eschweiler, Gerolstein, Hillesheim, Kaisersesch, Malmedy (Belsch), Manderscheid, Mayen, Mechernich, Monschau, Neierbuerg, Nideggen, Prüm, Schleiden, Schweich (D), Sankt-Väit (Belsch), Wittlech
- Gréisser Stied an der Noperschaft: Oochen, Bonn, Düren, Euskirchen, Koblenz, Köln, Léck (Belsch), Lëtzebuerg, Maastricht (Holland), Tréier.
Héich Plazen
|
|
Um Spaweck
- Äifel Tourismus-Portal
- Iwwer d'Äifel
- Nationalpark Äifel
- Naturpark Héicht Venn-Äifel
- Eifel - Search and Find
Commons: Eifel – Biller, Videoen oder Audiodateien |