Op den Inhalt sprangen

Stärewand

Vu Wikipedia
Versioun vum 13:18, 19. Mee 2013 vum Soued031 (Diskussioun | Kontributiounen) (clean up, replaced: Strahl → Stral using AWB).

De Stärewand oder Sonnewand ass de stännege Stroum vu Matière, dee vun der Stärenuewerfläch ausgeet. D'Vitesse vum Wand si jee no Stärtyp tëschent e puer bis zu villen 1.000 km/s, déi observéiert Masseverloschter reeche vun bis Sonnemasse pro Joer.

Et gëtt verschidde Forme vu Stärewand, déi sech duerch hiren Undriffsmechanismus ënnerscheeden.

  • Wand vu kille Stäre, wéi déi vum roude Ris, bestinn aus Atomer vun neutralen Elementer a Molekülen wéi Kuelemonoxid, Silikater an ähnlechem. Dës stëbsräich Wandbewegunge si mat nëmmen e puer zéng km/s vergläichwäis lues. Déi undreiwend Kraaft ass de Stralungsdrock op d'Moleküle vum Stëbs duerch Streeung. D'Masseverloschter kënne mat bis zu Sonnemassen pro Joer ganz héich sinn. Esou ee Wand trëtt an de Spéitphase vun der Stärenentwécklung op an ass zum Beispill fir d'Entwécklung vu planetareschen Niwwele verantwortlech.
  • Bei sonnenähnlechen Haaptreiestäre besteet de Wand aus geluedenen Deelercher, meeschtens Protonen an Elektronen. Esou ee Wand, wéi de Sonnewand gëtt haaptsächlech duerch déi extrem Temperature vun der Korona vun e puer Millioune Kelvin ugedriwwen. Deen dobäi aktive Gasdrock beschleunegt de Wand op e puer honnert km/s. Am Moment verléiert eis Sonn ongeféier Sonnemassen pro Joer, hire Wand huet dofir keen Afloss op den Entwécklungswee vun der Sonn.
  • Wand vu gliddege Stären, ongeféier vun enger Uewerfächentemperatur vun 10.000 K, hunn déiselwecht chemesch Zesummesetzung wéi d'Stärenuewerfläch selwer. Déi meeschten Atomer sinn heibäi einfach oder méifach ioniséiert. Dës Wandbewegunge kënnen e puer dausend km/s séier ginn. Wand vu gliddege Stäre gëtt och duerch de Stralungsdrock vum Zentralstär ugedriwwen, anescht wéi bei killem Wand wierkt en awer net duerch Streeung vum kontinuéierleche Stärespektrum, mä duerch Absorptioun an de Spektrallinnen am ultraviolette Beräich. D'Masseverloschter reeche vun an Haaptreiestären iwwer an Iwwerrisen bis hin zu a Wolf-Rayet-Stären. Den extreme Stär η Carinae huet während engem zwanzegjäregem Ausbroch ëm d'Joer 1840, eng hallef Sonnemass pro Joer verluer.
  • Bei munneche Stärentypen, wéi bei T-Tauri-Stären, kann sech e Wand a Form vun Jets maachen. Dobäi gëtt en Deel vum op dem Stär stierzenden Material duerch e Magnéitfeld ofgelenkt a laanscht der Polachs ewechgeschleudert.

Während Stärewande am Haaptreiestadium kee groussen Afloss op d'Entwécklung vum Stär hunn, ginn déi spéider Stadien dovun staark beaflosst. Vill masseräich Stäre ginn um Enn vun hirem Liewen nëmmen doduerch zu wäiss Zwergen, amplaz als Supernova ze explodéieren, well si zevill Mass verluer hunn.