Uluru
Den Uluru ass de gréisste Monolith ob der Äerd an déi wuel bekanntesten Touristenattraktioun vun Australien. Den Uluru oder Ayers Rock, wéi een nach haut meeschtens genannt gëtt, ass e Rescht vun enger Biergkett.
Geographie
Den Uluru leit am Nationalpark Uluru – Kata Tjuta 460 km südëstlech vun Alice Springs ewech, am Northern Territory matten an der riseger rouder Wüst vun Australien.
En ass 4 ½ km laang, 2 ½ km breet an 348,7 m héich.
Geologie
Uluru heescht iwwersat : Plaz am Schied. En ass e geologescht Phänomen. De roude Sandsteemonolith steet 348 Meter aus dem australeschen Outback eraus. Mä dat ass eigentlech nëmmen d’Spëtz dovun, de Rescht, läit bis zu sechsdausend Meter déif ënnert der Äerdiwwerfläch. Ob senger Iwwerfläch si lauter Waasserlächer, verschiddener esou déif dass si ni ausdréchnen. De wéinege Reen déi an dëser dréchner Wüst fält, sammelt sech ob engem risege Platto a speist ëm de Fiels ronderëm e fruchtbare Buedem. Zënter Joerdausenden ass den Uluru eng Quell vu Waasser an Nahrung fir d'Mënschen an Déieren.
Tëschent dem Dag an der Nuecht ginn et riseg Temperaturschwankungen. Am Dag kënnen Temperaturen bis ob 40 Grad eropklammen, wuergéint se an der Nuecht an de Minus falen. Dohir geet d’Gestengs duerch d’Hëtzt am Dag auserneen an an der Nuecht duerch d’Keelt zitt et sech zesummen. Dës Temperaturschwankungë féieren dozou dass den Uluru lues a lues zerbréckelt.
Eigentlech besteet de Monolith aus déckkäregem groe Sand. Seng rout Faarf huet hie kritt duerch de Stëbs, deen de Wand aus der gigantescher rouder Wüst ob hie bléist.
Geschicht
Den Uluru ass en hellegen Uert fir d'Anangu, déi Aboriginis déi an dëser Géigend schonn zënter dausende vu Jore liewen. 1871 huet den Uluru vum europäeschen Entdecker William Gosse de Numm Ayers Rock kritt. De Numm kënnt vum deemolegem Premierminister dem Sir Henry Ayers vu South Australia. De Gosse, dee vu Beruff Vermiessungsingenieur war, huet de Monolith 1873 als Éischten erfuerscht. An den 80er Joren ass tëscht den Aboriginis an dem australesche Stat en Ofkommes getraff ginn, déi d’Notzung vum Uluru festleet. D’Land ronderëm de Fiels kruten d’Urawunner zeréck, ënnert der Konditioun de Nationalpark fir Touristen zougänglech ze loossen. D’Hotellen direkt beim Fiels sinn dunn och an déi nei gebaute Stad Yulara verluegt ginn. D’Reschter dovunner sinn nach haut ze erkennen.
Kuckeswäertes
D'Australier bezeechnen den Uluru och gären als rout Häerz. Deen Numm kënnt vun der staarker rouder Faarf vum eisenhaltege Sandsteen. Jee no Sonnenstand- oder strahlung liicht an deene verschiddenste Roudtéin, wéi feierrout, purpurrout, rosa a violett.
Mat enger Ketten kann een ob den Ayers Rock eropklammen, wou ee vun uewen eng wonnerbar Aussicht huet. D'Eropklammen dauert ongeféier 30 – 35 Minutten. De Rekord läit bei 12 Minutten.
Et kann een och en Entdeckungstour ronderëm de Monolith maachen, wou een déi jordausendal Hiel kucke kann. D’Zeechnungen ob de Wänn sinn deelweis méi al wéi 30.000 Joer. Ob de Wänn kann een d'Wandmolereien déi iwwert Dramzäit, d'Mythologie an d'Schöpfungsgeschicht vun den Aboriginis, gesinn. Well dës Dramzäit vun de Wëssenschaftler net enträtselt ka ginn, a well dës Geschichte geheim sinn an néierens schrëftlech festgehale sinn, besteet d'Gefor dass déi traditionell Aboriginis lues a lues ausstierwen.