Europäesch Vollekspartei
Logo | Parteizentral |
---|---|
Rue du Commerce Handelsstraat 10 Bréissel, B-1000 | |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 8. Juli 1976 |
Ausriichtung: | konservativ chrëschtlech-demokratesche pro-europäesch |
Fraktioun: | Fraktioun vun der Europäescher
Vollekspartei (EVP) |
Faarf: | Blo |
Websäit: | www.epp.eu |
D'Europäesch Vollekspartei (en.: European People's Party (EPP); fr.: Parti populaire européen (PPE); de.: Europäische Volkspartei (EVP)) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Si gouf 1976 vun europäesche chrëschtleche Parteie gegrënnt a setzt sech haut aus chrëschtlech-demokrateschen an anere konservative Parteien aus dem Mëtt-rietse Spektrum zesummen.
Memberparteie sinn ënner anerem d'CSV (Lëtzebuerg), d'CDU (Däitschland), d'Republikaner (Les Républicains, Frankräich), de Partido Popular (Spuenien), d'Forza Italia (Italien), d'PPD/PSD an d'CDS-PP (Portugal).
Bei den Europawalen 2019 krut d'Fraktioun vun der EPP 182 Deputéiert, dat si 24,23% vun de 751 Membere vum Europaparlament.[1] Déi Zuel wäert sech nom Brexit änneren, wann déi brittesch Deputéiert hire Sëtz am Parlament verléieren.
Commons: Europäesch Vollekspartei – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ European Parliament: 2019 - 2024 (2. Juli 2019)