Äerd
Äerd | |
The Blue Marble, Apollo 17 | |
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0) | |
---|---|
Dauer vun engem Dag | 23h:56min:04s |
Mëttelste Radius | 149.597.887 km (1.000 000 11 AE) |
Orbitalen Ëmfang | 0.940 Tm (6.283 AE) |
Numeresch Exzentrizitéit | 0.016 710 22 |
Perihel | 147.098.074 km (0.983 289 9 AE) |
Aphel | 152.097.701 km (1.016 710 3 AE) |
Sideresch Period | 365.256 96 d (1.000 019 1 a) |
Duerchschnëttsorbitalvitesse | 29.783 km/s |
Maximal Orbitalvitesse | 30.287 km/s |
Minimal Orbitalvitesse | 29.291 km/s |
Inklinatioun | 0.000 05° |
Satellitten | 1 (Mound) |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser um Equator | 12,756.28 km |
Duerchmiesser tëscht de Polen | 12,713.56 km |
Äerdëmfank um Equator | 40,075 km |
Äerdëmfang op de Polen | 40,008 km |
Uewerfläch | 510,067,420 km² |
Volumen | 1.0832×1012 km³ |
Mass | 5.9736×1024 kg |
Dicht | 5.515 g/cm³ |
Fluchtvitesse | 11.186 km/s |
Bunnschréi | 23.439 281° |
Neigung vun der Dréiachs | 90° |
Albedo | 0.367 |
Uewerflächentemperatur - Min - Mëttel - Max |
185 K 287 K 331 K |
Uewerflächendrock | 100 kPa |
Bestanddeeler vun der Atmosphär | |
Stéckstoff | 78,084% |
Sauerstoff | 20,942% |
Argon | 0,934% |
Kuelendioxid | 350 ppm |
D'Äerd (planetarescht Symbol: ) ass den drëtte Planéit an eisem Sonnesystem. Et ass de Planéit, op deem mir liewen an den eenzege Planéit op deem et Liewe gëtt. D'Äerd ass viru ronn 4,5 Milliarde Joer entstanen.[1] Si ass nieft dem Merkur, der Venus an dem Mars ee vu véier Gestengsplanéite am Sonnesystem.
Déi grouss Mass vun der Sonn mécht, datt d'Äerd rondrëm si dréint, grad wéi d'Mass vun der Äerd responsabel dofir ass, datt de Mound rondrëm d'Äerd dréint. Well d'Äerd sech och ëm hir eegen Achs dréint sinn déi verschidde Regiounen op der Äerd der Sonn zu ënnerschiddlechen Zäiten ausgesat. Fir d'Sonn eng Kéier z'ëmkreesen ("ee Joer") brauch d'Äerd 365¼ Deeg.
D'Äerd ass den eenzege Planéit am Sonnesystem mat enger grousser Quantitéit vu flëssegem Waasser.[2]. Ronn 71% vun der Fläch vun der Äerd si mat Ozeane bedeckt; dowéinst gëtt si och heiansdo de "Bloe Planéit" genannt. Wéinst der Presenz vum Waasser gëtt et Milliounen Déieren- a Planzenaarten. D'Liewewiesen op der Äerd hunn hir Uewerfläch enorm verännert. Zum Beispill hunn déi fréi Cyanobakterien d'Loft verännert an hir Sauerstoff ginn. De liewegen Deel vum Planéit gëtt Biospär genannt.[3]
D'Entstoe vun der Äerd
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun der Äerd.
Bis haut kann nach kee richteg soe wéi d'Äerd entstanen ass an eng sëllegen Theorie goufe schonn opgestallt. Et gëtt allerdéngs eng schlësseg Theorie déi seet, datt eis ganzt Sonnesystem duerch d'Zesummeballe vu Wolleken aus Stëbs a Gas am Weltraum forméiert gouf. D'Äerd soll deemno viru 4,5 Milliarde Joer entstane sinn. Si ass am Laf vun 10 Millioune Joer duerch déi ganz Matière déi si am Sonnesystem begéint ass an duerch d'Schlécke vun dësen Deelercher, ëmmer méi grouss ginn. D'Obprallenergie war onvirstellbar grouss an dat stänneg Bombardéieren an déi gravitativ Virgäng an der Äerdmëtt hunn d'Äerduewerfläch mat ausgedeente Vulkanlandschaften an Ozeaner aus geschmoltem Gestengs geformt. Duerch dës Bombardementer gouf d'Äerd ëmmer méi erhëtzt. Déi opgehëtzte flësseg Matière konnt also zu engem eenzege grousse Kierper verbonne ginn. Dat schwéiert Material ass no an no an d'Mëtt gefall wärend déi liicht Elementer op der Uewerfläch bliwwe sinn. Sou ass den Äerdkär an d'Äerdkuuscht entstanen. Dëst bezeechent een als formativ Phas. Si huet ongeféier 3,9 Milliarde Joer ugehalen.
Opbau vun der Äerd
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Opbau vun der Äerd.
Bis zur Äerdmëtt sinn et 6.371 km, an dat geschat Äerdgewicht huet 5,96 Quadrimillioune Kilogramm.
Äerdkuuscht
Si ass ënner de Kontinenter bis zu 70 km an ënner den Ozeane bis zu 10 km déck an ass vun der Mass an dem Volume am Verglach zu den aneren Äerddeeler ganz kleng. Et gëtt zwëscht der kontinentaler Kuuscht an der ozeanescher Kuuscht ënnerscheet.
Äerdmantel
E läit ënner der Äerdkuuscht an ass ongeféier 2.860 km déck a besteet aus Gestengs dat ënner mächetegem Drock an enormen Temperature fléisst. E besteet gréisstendeels aus Silikater.
Ieweschten Äerdmantel
Iwwergangszon
Ënneschten Äerdmantel
D'Schicht
Dës Iwwergangsschicht gehéiert nach zum ënneschten Äerdmantel a mécht d'Grenz zum Äerdkär.
Äerdkär
Den Äerdkär ass dee bannenzege Beräich vun der Äerd a besteet haaptsächlech aus Eisen an Néckel. En ass agedeelt an e feste Bannekär an e flëssegen Aussekär. De Bannekär ass ongeféier 2.400 km déck a geet bis zum Äerdmëttelpunkt. Den Baussekär ass 2.300 km déck a läit bis zu 2.900 km ënner der Äerduewerfläch. D'Kärtemperatur läit bei ongeféier 4.000 Grad Celsius.
Lithosphär an Asthenosphär
D'Lithosphär ass deen ieweschte Beräich vun der fester Äerd. Si besteet aus der Äerdkuuscht an dem ieweschten Äerdmantel.
D'Asthenosphär ass déi plastesch reagéierten Zon am ieweschten Äerdmantel, op där Lithosphären-Placke schwammen.
Äerdmagnéitfeld
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Äerdmagnéitfeld.
D'Äerd besteet aus zwéi Magnéitpolen an der Géigend vum Nord- a vum Südpol.
D'Atmosphär vun der Äerd
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Atmosphär vun der Äerd.
D'Atmosphär ass d'Lofthüll vun der Äerd. Et gëtt verschidde Sphären oder Schichte jee nodeem wéi Temperatur oder d'Héicht ass. D'Grenz vun der Atmosphär läit bei ongeféier 700 km Héicht. Duerch d'Atmosphär hu mir Loft fir z'otmen, Waasser fir ze drénken, Schutz viru schiedlecher Sonnestralung a Meteoritten.
53% vun de Sonnestrale ginn duerch d'Atmosphär absorbéiert oder zeréck an den All reflektéiert.
D'Kontinenter
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kontinent.
D'Kontinenter op der Äerd maachen am Ganzen 29 Prozent vun der Äerduewerfläch aus. Dozou gehéiert déi grouss Landmass déi zesummenhänkt, d'Landmass am relativ flaachem Mier an de Kontinentalhang am Déifmier.
D'Ozeanen
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ozean.
Naturkatastrophen
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Naturkatastroph.
Vulkaner
E Vulkan ass eng Plaz op der Äerduewerfläch, wou Magma erauskënnt. D'Massen déi erauslafen oder erausgeschleidert ginn, bilden e kegel- oder schëldfërmege Bierg mat engem Krater an der Spëtz.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Vulkan.
Äerdbiewen
Vun engem Äerdbiewe schwätzt een, wann d'Äerduewerfläch duerch Kräften, déi meeschtens am bannenzegen Deel vun der Äerd entstinn, duerchgerëselt gëtt. E Biewen um Mieresbuedem nennt ee Mierbiewen (oder, an Analogie zum däitschen, Séibiewen).
En Äerdbiewe kann entstoen:
- wann en ënnerierdeschen Huelraum zesummefält;
- duerch e Vulkanausbroch;
- duerch Beweegunge vun den tektonesche Placken.
Moossen
Den italieenesche Seismolog Giuseppe Mercalli huet am Joer 1902 e System entwéckelt, mat deem sech Äerdbiewe matenaner vergläiche loossen: déi no him benannte Mercalli-Skala. Domat kënnen Äerdbiewen an 12 Niveauen agedeelt ginn.
Obwuel déi Skala am Laf vun der Zäit e puermol ugepasst gouf, ass et net méiglech, mat hirer Hëllef Äerdbiewe ganz objektiv erëmzeginn: D'Annuerdnung vun de Schied ass vun der Distanz zum Epizentrum vum Biewen, der Struktur vum Ënnergrond oder dem Zoustand vun der Bausubstanz ofhängeg.
Dofir huet den amerikanesche Seismolog Charles Francis Richter vun 1927 un, eng wëssenschaftlech fundéiert Skala entwéckelt, déi et erlabe soll, Biewen allgemeng vergläichen ze kënnen. Dofir huet hien de sougenannte Seismogramm benotzt. Et ass him nämlech un deem opgefall, datt d'Ausschléi vum Zär vum Seismograph vun der Stäerkt vum jeeweilege Biewen ofhänkt.
Leider huet et ee Problem mat der iwwersiichtlecher Duerstellung vun de Wäerter ginn - d'Nol huet bei engem staarke Biewen zéngmilliounemol méi staark ausgeschloe wéi bei engem schwaachen. De Richter huet de Problem sou geléist: Hien huet a senger Skala am Joer 1935 definéiert, datt d'Äerdbiewestäerkt tëscht zwéin Niveauen a senger Andeelung ëm de Fakter 10 eropgeet. E Biewen op der Richter-Skala mat der Stäerkt 6,0 ass deemno zéngmol méi staark wéi eent vun der Stäerkt 5,0.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Äerdbiewen.
Plackentektonik
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Tektonik.
Flutwellen
Natierlech Ressourcen
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Natierlech Ressourcen.
Waasser
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Waasser.
Fossil Energie
Sonnenenergie
Mineraler
Um Spaweck
Commons: Äerd – Biller, Videoen oder Audiodateien |