(588) Achilles
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Jupiter-Trojaner (L4) |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 5,192 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,147 |
Sideresch Ëmlafzäit | 11 Joer 303 Deeg 1 Stonn |
Mëttel Bunnvitess | 13,00 km/s |
Inklinatioun | 10,3 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 135,48 km |
Rotatiounsperiod | >12 Stonnen |
Albedo | 0,033 |
Absolut Hellegkeet | 8,67M |
Spektralklass | D |
Entdeckung | |
Entdecker | Max Wolf |
Entdeckungsdatum | 22. Februar 1906 |
Plaz | Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl |
Aner Bezeechnungen | 1906 TG |
Den (588) Achilles ass en Asteroid aus der Grupp vun de Jupiter-Trojaner, an e leeft op der Bunn vum Jupiter ëm d'Sonn.
Den Achilles gouf den 22. Februar 1906 vum Max Wolf als éischten Trojaner entdeckt an ass nom griicheschen Held Achilles aus der Ilias genannt. Den Numm vum Asteroid gouf ufanks vum Johann Palisa, engem Frënd a Kolleeg vum Max Wolf, virgeschloen. Den Asteroid leeft dem Jupiter op senger Bunn 60° virdrun (en ass um L4-Punkt). Déi virlafend Trojaner ginn och als Griiche bezeechent a sinn dofir no anticke griicheschen Helde genannt. D'Bunn vum Achilles verleeft tëscht 4,429 (Perihel) an 5,956 (Aphel) astronomeschen Eenheeten an ass 10,3° géint d'Ekliptik gebéit. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,147.
Wärend der Oppositioun erreecht den Achilles eng visuell Magnitude vu 16,6 M. Hien ass domat en Objet um Nuetshimmel dee schwaach liicht.
Nieft senger klenger Gréisst ass och d'Albedo (Reflektiounsverméigen) vum Achilles fir seng niddreg Hellegkeet verantwortlech. Hie reflektéiert nëmmen 3,3 % vum optreffendem Liicht, ass also méi schwaarz wéi Asphalt. Seng Uewerfläch besteet no Miessunge vum IRTF vun der NASA warscheinlech zu 20 bis 40 % aus Pyroxen (verschidde Silikater). Fir déi observéiert Routfierwung vum reflektéierten Undeel däerft Eise verantwortlech sinn. Tholinundeeler, also duerch Ultraviolett Liicht ëmgeformte Methan- an Ethanbestanddeeler, iwwer 10 % op der Uewerfläch konnten duerch Spektralanalysen ausgeschloss ginn. Genee sou aarm ass d'Uewerfläch och u Chlorit (maximal 1 %).