L'homme à la Buick
Ausgesinn
L’homme à la Buick ass e franséische Film vum Gilles Grangier aus dem Joer 1968 mam Fernandel an der Danielle Darrieux an den Haaptrollen nom Roman Cher voyou vum Michel Lambesc.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Synopsis
[änneren | Quelltext änneren]Den Armand Favrot huet sech zu Honfleur eng Villa kaaft, vu wou e reegelméisseg mat sengem Buick Sport Wagon op Paräis fiert, fir vun do Kanner aus aarme Verhältnesser op Genf an de Wantersport ze féieren. Ma hannert dëser Fassad vu Generositéit verstoppt sech den eigentleche Grond vun dëse Reesen: ënner dem Pseudonym Monsieur Jo geet hien internationale Schmuggelaktivitéiten no...