Lacerta (Stärebild)
Date vum Stärebild Lacerta | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Eidechs |
Laténgeschen Numm | Lacerta |
Laténgesche Geenitiv | Lacertae |
Laténgesch Ofkierzung | Lac |
Positioun | nërdleche Fixstärenhimmel |
Rektaszensioun | 21h 57m bis 22h 58m |
Deklinatioun | +56° 55´ bis +35° 10´ |
Fläch | 201 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 40° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Hierscht |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
α Lacertae, 3,77m |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Cepheus Cygnus Pegasus Andromeda Cassiopeia |
D'Stärebild Lacerta (Eidechs) gehéiert zum nërdlechen Himmel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Lacerta ass en onschäinbaart Stärebild. Et besteet aus enger Kette vu liichtschwaache Stären, vun deenen nëmmen ee méi hell wéi déi 4. Gréissteklass ass.
Et fënnt een et tëscht de markante Stärebiller Cassiopeia an Cygnus (Schwan).
Duerch den nërdlechen Deel vun der Lacerta zitt sech d'Mëllechstrooss.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Stärebild gouf eréischt am Joer 1687 vum Danzeger Astronom Johannes Hevelius agefouert.
De Fransous Augustin Royer huet d'Stären am Joer 1697 zu Éiere vum Sonnekinnek Louis XIV. zum Sceptre zesummegefaasst. De Johann Elert Bode huet 1787 virgeschloen, den Numm op „Honores Frederic“ („Friedrichs Ehre“) als Erënnerung un de preisesche Kinnek Friedrich de Groussen ëmzeänneren. Déi Stärebiller konnte sech awer net duerchsetzen.
Am Joer 1929 huet de Cuno Hoffmeister am Stärebild Lacerta en Objet entdeckt, deem seng Hellegkeet sech ouni erkennbar Periodizitéit verännert. Ufanks ass geduecht ginn, et wier e verännerleche Stär. Méi spéit gouf festgestallt, datt et sech ëm een aktive galaktesche Kär, eng Galaxie handelt. BL-Lacertae war den éischte Blazar deen entdeckt gouf an huet säin Numm fir eng Grupp vu Galaxien, d'BL Lacertae-Objete ginn.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 7 | 3,77m | 100 | A2 V | |
1 | 4,13m | 300 | K3 II | ||
5 | 4,36m | 800 | M0 III | ||
β | 3 | 4,43m | 150 | G9 III | |
11 | 4,46m | ||||
ADS 15758 | 4,49m | ||||
6 | 4,51m | ||||
2 | 4,55m | 400 | B6 V | ||
4 | 4,55m | 5000 | B9 Ia | ||
9 | 4,63m | ||||
10 | 4,88m | ||||
15 | 4,95m | ||||
13 | 5,08m | ||||
12 | 5,25m | ||||
16 | 5,59m | ||||
8 | 5,73m | 2000 | B2 + B2 | ||
13 | 5,92m |
Den α Lacertae, den hellste Stär an der Eidechs, ass 100 Liichtjoer wäit ewech, an ass e Stär dee wäisselzeg liicht mat der Spektralklass A2 V.
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
8 | 5,7 /6,5m | 22,4" |
Den 8 Lacertae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 2.000 Liichtjoer. Déi zwou liichtkräfteg Komponente gehéieren zu der Spektralklass B2. Si kënne scho mat engem klengen Teleskop observéiert ginn.
Messier- an NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Messier (M) | NGC | Verschiddenes | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
NGC 7209 | 9,5m | Oppene Stärekoup | |||
NGC 7243 | 6,4m | Oppene Stärekoup | |||
NGC 7245 | 7,5m | Oppene Stärekoup | |||
BL Lacerta | 14,5m | Quasar |
An der Lacerta sinn dräi Oppe Stärekéip, déi mat engem mëttleren Teleskop opgeléist kënne ginn.
D'Galaxie BL Lacerta ass mat enger Hellegkeet ëm 14,5m liichtschwaach.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lacerta – Biller, Videoen oder Audiodateien |