Op den Inhalt sprangen

Mijas

Vu Wikipedia
Mijas
Land Spuenien
Awunner 91.691 (2023)
Fläch 148,8 km²
Koordinaten 36°35'44,00"N, 4°38'14,00"W
Postcode 29649–29651
Websäit http://www.mijas.es


Mijas, eng Stad am Hank

Mijas ass eng Uertschaft a Gemeng an der spuenescher Regioun Andalusien. Et ass eng vu den 100 selbststännege Gemengen an der Provënz Málaga.

D'Stad Mijas hat 64.288 registréiert Awunner (Stand: 2007), op enger Fläch vun 149 km². Dat entsprécht 431,5 Awunner pro km². Well et a Spuenien (wéi an England) keng gesetzlech Virschrëft gëtt, fir sech unzemellen, ass d'Zuel vun den Awunner a Wierklechkeet awer méi héich. Dat trëfft besonnesch fir d'Auslänner zou, déi do wunnen. D'Briten stinn op der éischter Plaz, gefollecht vun den Däitschen, Skandinavier, asw.. D'Awunner vu Mijas disposéieren pro Kapp iwwer dat hëchst Akommes vun de Gemenge vun der Costa del Sol. Offiziell Sprooch ass Spuenesch (Kastilianesch).

Mijas läit ongeféier 565 Kilometer vun der spuenescher Haaptstad Madrid ewech un der Südküst vun der ibeerescher Halllefinsel, 30 Kilometer südwestlech vu Málaga un der Costa del Sol. D'Gemeng erstreckt sech vun der südlech geleeëner Küst bis zu der Sierra de Mijas am Norden. Nopeschgemenge sinn am Weste Marbella an Ojén, am Norde Coín, Alhaurín el Grande an Alhaurín de la Torre, an am Oste Benalmádena a Fuengirola.
D'Uertschaft ass bekannt wéinst senger idyllescher Lag a senge wäissen Haiser an Hotellen, déi wéi un e Bierg gepecht wierken.
Den historesche Kär, d'Stad Mijas (Mijas Pueblo), läit am Nordoste vun der Gemeng, um Fouss vum 1.150 Meter héije Bierg mam selwechten Numm op enger mëttelster Héicht vu 428 Meter iwwer dem Mieresspigel.

Duerch seng Lag an der Noperschaft vun de bekannten Touristenuertschaften op der Costa del Sol, tëscht Torremolinos a Marbella, ass Mijas eng beléift Destinatioun fir Ausflich vun engem Dag.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Musée: Am Musée vu Mijas gëtt et en nogebaute Raum, wou de Buergermeeschter vu Mijas, Manuel Cortés, sech am Biergerkrich bis zum Zäitpunkt vun der Amnestie (1969), virun de Franco-Unhänger, verstoppt huet,
  • Stéierkampf-Arena,
  • Seng enk Stroossen a Gässelen,
  • Seng Haaptkierch,
  • Seng Ieselstaxiën.
Commons: Mijas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]

Dësen Artikel inspiréiert sech respektiv ass eng Iwwersetzung vum Artikel iwwer Mijas an der däitscher Wikipedia