Wénkelduerchmiesser: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
k k |
k r2.7.2) (Bot: Ännere vu(n) en:Angular size op en:Angular diameter |
||
Linn 25: | Linn 25: | ||
[[de:Scheinbare Größe]] |
[[de:Scheinbare Größe]] |
||
[[en:Angular |
[[en:Angular diameter]] |
||
[[pl:Odległość kątowa]] |
[[pl:Odległość kątowa]] |
||
[[simple:Angular size]] |
[[simple:Angular size]] |
Versioun vum 13:02, 24. Feb. 2013
De Wénkelduerchmiesser vun engem Objet ass de Wénkel, ënner deem en Observateur den Objet gesäit.
D'Bild riets verdäitlecht den Zesummenhang tëschent dem Wénkelduerchmiesser α, Distanz r an der richteger Gréisst g vun engem Objet. Et léisst sech doraus folgend Bezéiung tëschent den dräi Gréissten ofleeden:
An der Geodesie ka mat engem Objet deen eng genormt Gréisst g huet, beispillsweis eng vertikal opgestallte Lat, aus dem Wénkelduerchmiesser α d'Distanz r berechent ginn:
An der Astronomie ka bei bekanntem Ofstand r (kuckt Distanzbestëmmung) vun engem Objet deem seng ongeféier richteg Ausdeenung g berechent ginn:
E Problem dobäi ass, datt astronomesch Himmelskierper wéi z. B. diffus Niwwel heefeg onregelméisseg Formen hunn oder wéi bei de Galaxië meeschtens eng Schréiegt hunn. Dofir kritt ee wann ee verschidde Methode fir d'Distanzsmiessung gebraucht, méiglecherweis ënnerschiddlech Distanzen r. Doraus ergi sech an der Berechnung beim selwechte Wénkelduerchmiesser α liicht ënnerschiddlech Ausdeenungen g. Wéinst de risegen Distanze spillt dat an der Praxis allerdéngs nëmmen eng kleng Roll. Bei Observatioune vun Objeten a kosmeschen Distanzen, gëtt den uewen duergestallten Zesummenhank tëschent Wénkelduerchmiesser, Ausdeenung an Distanz vun engem Objet och nach duerch d'Raumkrëmmung substantiell erschwéiert.