Lunar Zäitskala
D'lunar Zäitskala deelt d'Formung vun der Uewerfläch vum Äerdmound a sechs Zäitalter oder Perioden an, dären Ufank an Enn sech u bestëmmten Evenementer fest maachen. Déi absolut Datéierungen goufe mat Hëllef vum Moundgestengs deen d'Apollo-Astronauten matbruecht haten gewonnen. Duerch dës Datéierung konnten duerch Zielungen vun der Kraterheefegkeet weider Datéierungen gewonne ginn.
Duerch géigesäiteg Iwwerlagerung vu Strukturen kritt een zousätzlech relativ Datéierungen, z. B. ass e méi klenge Krater an engem méi grousse Krater offensiichtlech méi jonk.
Preimbrescht Zäitalter
A villen Héichlänner vum Mound kënnen Planetologen am Ament nach net tëscht nektareschem an prenektareschem Material ënerscheeden, dofir gëtt dëst Gestengs heefeg ënner der Bezeechnung "preimbresch" zesummegefaasst.
Prenektaresch Period
Déi prenektaresch Period huet vun der Genesis vum Äerdmound bis zum Aschlag, deen d'Mare Nectaris geformt huet gedauert, also vu virun 4.600 bis ëm 3.920 Millioune Joer.
Nektaresch Period
Déi nektaresch Period fänkt mamm Mare-Nectaris-Aschlag un an war mam Aschlag, deen d'Mare Imbrium geformt hat zu Enn. Gedauert huet déi Period vun 3.920 bis 3.850 Millioune Joer virun haut.
Imbrescht Zäitalter
Fréi-imbresch Period
Déi fréi-imbresch Period fänkt mam Aschlag, duerch deen d'Mare Imbrium entstoung (viru ronn 3.850 Millioune Joer), un a war zu Enn mat der Formatioun vum Mare Orientale. D'Genesis vum Mare Orientale ass net sécher datéiert. A Fro kënnt een Zäitraum tëscht 3.840 an 3.720 Millioune Joer virun haut.
Spéit-imbresch Period
Déi spéit-imbresch Period fänkt mat der Genesis vum Mare Orientale un an end mat der Iwwerschwemmung vum Marebecken mat geschmolzenem Basalt viru ronn 3.150 Millioune Joer.
Eratosthenescht Zäitalter
Am Erathosteneschen Zäitalter gëtt de Vulkanismus vum Äerdmound lues méi schwaach. Hien ass nom Moundkrater Eratosthenes genannt, deem seng Genesis den Ufank vum Zäitalter viru ronn 3.150 Millioune Joer markéiert. Um Enn vum Zäitalter viru ronn 1.100 Millioune Joer fënnt een keen nennenswäerte Moundvulkanismus méi.
Kopernikanescht Zäitalter
Dat Kopernikanescht Zäitalter ass déi Zäit vun der Formatioun vun den helle Stralekrater, fir déi de Krater Copernicus e markant Beispill ass. D'Genesis vum Copernicus virun zirka 800 mya[1] definéiert awer net den Ufank vum Zäitalter. Et dauert vu viru ronn 1.100 Millioune Joer bis haut. An dësem Zäitalter huet de Moundvulkanismus wäitgoend säin Enn fonnt.
Kuckt och
Literatur
- Charles J. Byrne: The far side of the moon – a photographic guide. Springer, New York, NY 2008, ISBN 978-0-387-73205-3, S. 12, Table 3.1 „Estimates of absolute ages of the periods.“
- D. Stöffler, G. Ryder: Stratigraphy and isotope ages of lunar geological units: chronological standards for the inner solar system. Space Science Review 96 (2001), S. 9–54, Schabloun:Doi
- Don Wilhelms: Geologic History of the Moon. U.S. Geological Survey Professional Paper 1348, 1987, online
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Stöffler, Ryder: Stratigraphy and isotope ages of lunar geological units. 2001, S. 34