Op den Inhalt sprangen

Eratosthenes (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Eratosthenes
De Moundkrater Eratosthenes, Foto ass opgeholl vun Apollo 17. Norden ass uewe
Koordinaten 14°27'56"N, 11°19'12"W
Duerchmiesser 58,77 km
Déift 3.600 m
Selenographesch Längt 12° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ11


Den Eratosthenes a seng Ëmgéigend.

Den Eratosthenes ass e groussen an déiwe Moundkrater eppes méi nordwestlech vun der visueller Äerdmoundmëtt. Hie läit am Iwwergank tëscht dem Basaltbecke vum Mare Imbrium an dem Sinus Aestuum a markéiert d'Westend vun de Apenninebierger. An der Lunarer Zäitskala gouf déi längst a stabilst Epoch – d'eratosthenesch Period – no dësem Krater genannt. Si hat mat sengem Aschlag virun 3,15 Milliarde Joren ugefaangen an hat virun 1,0 Mrd. Joren opgehalen.

Den Eratosthenes huet schaarf definéiert, rankfërmeg Kraterramplien, deenen hir héich Bannesäit terrassenaarteg gegliddert ass. De Kraterbuedem ass net glat an huet dräi Zentralbierger. Bei Vollmound sinn e puer Strale vum noen, méi jonke Rankbierg Kopernikus ze gesinn.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 18,32° N, 8,34° W7 6 km [1]
B 18,69° N, 8,71° W7 5 km [2]
C 16,88° N, 12,4° W7 5 km [3]
D 17,43° N, 10,91° W7 4 km [4]
E 17,92° N, 10,9° W7 4 km [5]
F 17,68° N, 9,91° W7 4 km [6]
H 13,31° N, 12,26° W7 3 km [7]
K 12,83° N, 9,27° W7 4 km [8]
M 14,01° N, 13,6° W7 4 km [9]
Z 13,73° N, 14,11° W7 2 km [10]

Portal Astronomie