Île de la Cité
D'Île de la Cité ass eng Banneninsel op der Seine an den eelsten Deel vun der franséischer Haaptstad Paräis. An der Noperschaft läit d'Île Saint-Louis.
- Heihi kënnt een iwwer d'Metrosstatiounen: Cité a Saint-Michel.
D'Île de la Cité war schonn an der Antiquitéit bewunnt - fir d'éischt vun de Kelten a spéider (no 52 v. Chr.) als Zentrum vun der réimescher Muecht a Gallien. Schonn am 4. Joerhonnert stoung op der Plaz wou een haut d'Kathedral Notre-Dame vu Paräis gesäit, eng Kathedral. Wéi de Clovis I. aus dem Geschlecht vun de Merowenger Paräis am fréie 6. Joerhonnert zu der Haaptstad vu sengem Räich gemaach huet, stoung d'Île de la Cité nees am Mëttelpunkt.
1584 huet den Henri III. dräi suppeg Insele vun der ëstlecher Inselspëtzt matenee verbonnen, a si un déi grouss ugegliddert. Domat ass d'Fläch am Laf vun de Joerhonnerte vun ursprénglech 8 op am Ganze 17 Hektar eropgaangen. Sou konnt eng "kinneklech" Plaz d'Place Dauphine entstoen, an aus dem Verkaf vun den Haiser konnten d'Sue beschaf ginn, fir eng Bréck ze bauen, déi déi zwéin Uwänner vun der Seine matenee verbanne sollt. Déi sougenannt "Nei Bréck" (Pont Neuf) ass haut déi eelst Bréck vu Paräis, déi nach erhalen ass.
Haut huet op der Île de la Cité de Palais de Justice de Paris säin Haaptsëtz, geneesou wéi d'Policezentral.
D'Île de la Cité' ass op zwee Paräisser Arrondissementer opgedeelt, an zwar op den 1. an de 4. Paräisser Arrondissement. Grenzstrooss ass de Boulevard du Palais. Den 1. Arrondissement hëlt dobäi de westlechen Deel vun der Seineinsel an, de 4. den ëstlechen Deel.
Kuckeswäertes op der Île de la Cité
[änneren | Quelltext änneren]- Kathedral Notre-Dame vu Paräis
- Palais de la Cité (haut Palais de Justice)
- Sainte-Chapelle vu Paräis
- Conciergerie
- Place Dauphine
- Pont Neuf
- Mémorial de la Déportation
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Île de la Cité – Biller, Videoen oder Audiodateien |