Op den Inhalt sprangen

Antiklerikalismus

Vu Wikipedia

Den Antiklerikalismus ass a Reliounsgemeinschaften eng Positioun vun antielitärer Motivatioun, déi sech géint de Klerus riicht. Am Chrëschtentum, virun allem am evangeeleschen a reformatoresche baséiert sou eng Positioun heefeg op Argumentatiounen, déi sech op d'Paschtouertum vun alle Gleewege beruffen[1].

Baussent de Reliounsgemeinschafte riicht sech den Antiklerikalismus géint de Klerus als Stellvertrieder vun der gesamter Reliounsgemeinschaft, zu där hie gehéiert, respektiv hirem Bekenntnis. Sou fënnt een an der Franséischer Revolutioun en Antiklerikalismus dee mat de Vetrieder vum Éischten an Zweete Stand de Prinzip vun der Stänneruerdnung selwer ugegraff huet. Dëse Prinzip gouf politesch mat den Ziler vun der kathoulescher Kierch identifizéiert.

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
  • Silke Tammen, Manifestationen von Antiklerikalismus in der Kunst des Mittelalters, Afra-Verlag, 1993. (ISBN 3-923217-60-9)

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Vgl. Ex 19,6; 1 Petr 2,9f.