Op den Inhalt sprangen

Arborloo

Vu Wikipedia
Eng Arborloo op Haiti

Eng Arborloo ass eng einfach an ekologesch Toilette, déi een an Entwécklungslänner fënnt. Si besteet aus engem Lach, dat an de Buedem gegruewe gëtt an dat mat enger Plack oder engem Briet zougedeckt ass, an aus engem Opbau als Siichtschutz. Duerch e Lach an der Plack oder am Briet falen d'Exkrementer an d'Lach, a wann et voll ass gëtt e jonke Bam dra geplanzt.

Dës Zort Toilette gouf an den 1990er Joren am Simbabwe erfonnt an huet sech séier an de ländleche Regiounen an anere waarme Länner verbreet, virun allem am Süden an am Oste vun Afrika an an der Karibik.

Den Numm Arborloo kënnt vun "arbor", dem laténgesche Wuert fir Bam, a "loo", dem englesche Wuert fir Toilette, eng Bamtoilette deemno.

Geschicht a Verbreedung

[änneren | Quelltext änneren]

D'Arborloo huet scho virun hirer formeller Erfindung existéiert: an Ostafrika war et de Brauch, e Bam an eng voll Latrinn ze planzen, mä dacks konnt deen net richteg vun den Nutrimenter am Buedem profitéieren, well d'Lach meeschtens ze déif war.[1] An den 1980er Joren huet den Instituto Nacional de Pesquisas da Amazônia, de brasilianeschen Institut fir Fuerschung am Amazonas-Reebësch, mat sougenannte Fossas migratórias experimentéiert.[2] Dat waren Toiletten ouni déif Lächer a mat engem transportabelen Opbau, am Stil vun enger Drosëtz. E Bam gouf tëscht e puer Lächer geplanzt, fir datt d'Beem richteg vun den Nierstoffer kënne profitéieren. Trotzdeem gëtt d'Erfindung, oder wéinstens d'Formalisatioun vum Arborloo, dem Peter Morgan zougeschriwwen, deen och schonn aner Zorten Toiletten erfonnt huet. Enn vun den 1990er Joren ass dat Konzept am Simbabwe opgedaucht, wou den ekologeschen Assainissement mat einfache Latrinnen, déi do scho verbreet waren, verbonne ginn ass.

D'Einfachheet, den niddrege Präis an déi sanitär a wirtschaftlech Virdeeler vun där Toilette hunn dozou bäigedroen, datt si vun Netregierungsorganisatiounen och an aneren afrikanesche Länner agefouert gouf.

Fir d'Arborlooe weider ze verbreeden an der lokaler Populatioun d'Zweiwelen ze huelen, gi Reklammscampagne gemaach an Demonstratiounsmodeller benotzt, mä och op d'mëndlech Iwwerdroe vun de Virdeeler gëtt gesat.[3]

Et gëtt geschat, datt et Ufanks 2008 an Ethiopien 15.000, am Malawi 14.000, am Simbabwe 2.000 an am Mosambik 1.000 där Toilettë gouf. Hir Käschte léien tëscht 5 an 20 Dollar. Och an anere Länner gëtt mam Konzept experimentéiert, wéi am Kenia oder op Haiti.[4]

Fonctionnement

[änneren | Quelltext änneren]

Eng Arborloo ass eng vun deenen einfachsten Toiletten déi et gëtt, dacks sou guer nach méi einfach a méi bëlleg wéi e sougennante "Plumpsklo". Si besteet aus engem Lach mat enger klenger Déift, bei deem d'Säiten heiansdo geschützt sinn an op deem eng Plack oder e breet Briet oder en Dill läit, an engem Siichtschutz. Virun der éischter Benotzung gëtt de Buedem vum Lach mat Blieder ausgeluecht, an duerno gëtt no all Utilisatioun e bëssen organescht Material (Buedem, Äschen, Blieder...) dragehäit, fir d'Formatioun vu Kompost ze fërderen. Äschen a Buedem hunn nach den anere Virdeel, datt si schlechte Geroch an d'Presenz vu Mécke reduzéieren.

Wann d'Lach bal voll ass, gëtt d'Plattform mam Siichtschutz einfach op en anert Lach geréckelt, wärend dat bal vollt Lach opgefëllt gëtt an dann e Bam, waméiglech en Uebstbam, drageplanzt gëtt fir vun deem natierlechen Dünger kënnen ze profitéieren. Dat gëtt all Kéier widderholl, wann d'Lach voll ass. Deemno wéi d'Klima ass muss de Bam am Ufank oder géint Enn vun der Reensaison geplanzt gi fir vum beschtméigleche Kompost kënnen ze profitéieren. D'Nierstoffer am Buedem droen zum Bam sengem Wuesstum bäi a seng Wuerzele festegen de Buedem; gläichzäiteg liwwert hie Friichten an Holz. Dofir ass Arborloo fir aarm a ländlech Géigende konzipéiert ginn.

D'Sanitär- and Ëmweltproblemer ginn als ganz kleng ugesinn. Engersäits ass d'Lach (75 cm bis 1,5 m) net déif genuch fir d'Grondwaasser ze verschmotzen, anerersäits kënnt de Mënsch net a Kontakt mat den Exkrementer, well de Kompost net méi muss verschafft ginn (net wéi zum Beispill bei enger Kompost-Toilette). Den Zousaz vun organeschem Material a vu Buedem dréit zu enger gudder Zersetzung vu Krankheetserreeger wärend dem Kompostéiere bäi.

D'Arborloo ongeféier annerhalleft Joer no der Benotzung: am éischte Lach (lénks) wiisst e Bam dee scho Friichten dréit; e jonke Bam wiisst am zweete Lach; en drëtt Lach gëtt nach benotzt an e véiert ass grad am Gaang gegruewen ze ginn an de Siichtschutz gëtt dropgesat soubal dat drëtt Lach voll ass.

Konstruktioun

[änneren | Quelltext änneren]
Siicht an eng Arborloo mat enger transportabler Bëtongsplack, engem Sëtz aus Holz a Maueren aus Stréi.

Fir eng Arborloo ze baue muss ee genuch Plaz hunn, well een am Kader vun enger normaler Benotzung duerch eng Famill ongeféier all sechs Méint en neit Lach gruewe muss.

A sengem Buch Toilets that make compost: Low-cost, sanitary toilets that produce valuable compost for crops in an African context huet de Peter Morgan gutt beschriwwen, wéi een sou eng Toilette baut. Et gëtt verschidde Methoden, déi sech de lokale Praktiken upassen.

De Bau vun enger Arborloo hänkt vun der Aart vum Buedem an der gewënschter Qualitéit of. Wann de Buedem fest genuch ass, mussen d'Mauere vum Lach net stabiliséiert ginn an et geet duer, e klengt Lach ze gruewen an d'Briet oder d'Plattform dropzeleeën. Wann de Buedem awer net fest ass, dann existéiert de Risiko, datt d'Lach a sech zesummefält an eng minimal Befestegung ass also néideg. De Cuvelage ka mat engem virpreparéierte Bëtonsrank gemaach ginn, dee wärend dem Aushiewen an d'Lach gesat gëtt. Wann de Buedem e bësse méi fest ass, geet heiansdo och eng Verkleedung mat Zillen oder Steng a Speis duer. Dës Verkleedung muss net méi déif si wéi 20 bis 30 cm, well just deen ieweschten Deel vum Lach stabiliséiert muss ginn.

D'Lach huet normalerweis kleng Dimensiounen, fir d'Gruewe méi einfach ze maachen an d'Käschte kleng ze halen: si entspriechen normalerweis de Wuerzele vum Bam, deen herno geplanzt gëtt. Am geleefegste si ronn Lächer (déi si méi einfach fir ze gruewen) mat engem Duerchmiesser vun ongeféier 80 cm an enger Déift vu 70 bis 1,5 m (meeschtens tëscht 1 an 1,2 m). De Volume vum Lach läit sou tëscht 300 a 700 Liter, wat enger Benotzungszäit vu 4 bis 9 Méint bei enger duerchschnëttlecher Famill entsprécht. De Buedem vum Lach gëtt net verkleet fir d'Duerchsickere vum Urin z'erlaben. Nëmmen e puer Blieder sollen op de Buedem geluecht ginn, fir de Kompostéierungsprozess un d'Goen ze bréngen.

Iwwer dat Lach leet een dann eng Plack oder en Dill, zum Beispill en Dill aus Bëtong oder eng Platform aus Holz. Bei enger Dill aus Bëtong gëtt et zwou Méiglechkeeten: entweeder mécht een se aus Stolbëtong, mat engem Duerschnëtt vun ongeféier 10 cm, oder et mécht een eng kuppelformeg, méi dënn (5 cm Dëckt an der Mëtt) an aus normalem Bëtong, well een da mat Kompressioun schafft. Bei deenen zwee gëtt d'Lach an d'Mëtt gebuert. Jee no de lokale Praktiken ass dann nach e Sëtz aus Bëtong oder Holz drop, oder Erhéijunge fir d'Féiss drop ze stellen an eng Hupppositioun anzehuelen. Eng Plattform aus Holz ass méi ëppes Rudimentäres. Si kann aus verschiddene Brieder bestoe mat engem einfache Lach oder engem Sëtz. De Buedem, deen duerch d'Gruewe vum Lach iwwereg ass, ka benotzt gi fir d'Dill ze befestegen an d'Oflafe vum Reewaasser an d'Lach ze verhënneren. Fir Kanner ass et och méiglech, méi kleng Dillen ze bauen.

Den Opbau ass néideg fir dem Benotzer seng Intimitéit ze garantéieren a fir hie géint Wand, Reen a Sonn ze schützen. Sou een Opbau variéiert enorm an de verschiddene Länner, engersäits well se vun de lokale Bauweisen ofhänken, anerersäits well den Arborloo haaptsächlech an aarmen, ländleche Regioune verbreet ass an do mat deem gebaut gëtt, wat disponibel ass. Sou fënnt ee Strukturen aus Stréi, Bambus, Räissäck, Blech, an heiansdo souguer kleng Kabanne mat enger Dier. Bannendra fënnt een déi gebräichlech Hygiènesutensilien. Well den Opbau reegelméisseg soll geréckelt ginn, muss e liicht sinn.

E liichten Opbau, deen einfach ze réckelen ass.

Wei bei all aner Komposttoilette soll een organescht Material derbäimaache fir de Prozess vum Kompostéieren ze verbesseren a méi séier ze maachen. No all "grousser" Benotzung (bei enger "klenger" Benotzung ass dat net neideg) soll een e Grapp Buedem an, wa méiglech, Äschen drop geheie fir d'Exkrementer ze verdecken an de Geroch ze limitéieren. Periodesch kann een och Blieder drop leeën ; et soll een awer keen aneren Offall drop geheien. Wann den Inhalt bis ongeféier 15 cm ënner dem ieweschten Deel vum Lach ukomm ass, gëtt den Opbau op en neit, eidelt Lach geréckelt, wärend dat anert mat Buedem opgefëllt gëtt.

Den Inhalt vum Lach kann op verschidden Aart a Weis benotzt ginn. Et ass méiglech, de Bam am Ufank vun der Reesaison ze planzen, da muss een en och net méi nätzen. Et kann een de Bam och direkt nom opfëlle planzen, mä da muss een en eventuell nach nätzen. Déi lescht Method ass, ze waarde bis den Inhalt komplett kompostéiert ass, also ongeféier sechs Méint bis ee Joer duerno, an en dann ausgruewen an um Feld verdeelen.

D'Zort Bam déi ee planzt, hänkt vun der gewënschter Benotzung of, dacks handelt et sech ëm Beem déi Friichte fit z'iessen droen, fir domat eng weider Liewensmëttel- oder Akommensquell ze hunn. De Peter Morgan huet gutt Erfarunge gemaach mat Bananebeem, Avocadosbeem, Guavebeem, Papayasbeem a Mangosbeem gemaach. Aner erfollegräich getest Zorte sinn Eukalyptusbeem, Zitrusplanzen an Maracujasbeem, déi ganz séier wuessen. E jonke Bam (manner wéi ee Meter héich) gëtt geplanzt a virun Déiere geschützt bis e grouss ass. Et ass méiglech, an heiansdo souguer wënschenswäert, fir nach anere Kompost derbäizemaachen. Beem, déi Stéckstoff gär hu wéi zum Beispill Banannebeem, kënne vun engem wëchentlechen Apport u verdënntem Urin profitéieren. An Ethiopien fënnt een heiansdo Kürbisen a Plaz vu Beem, am Simbabwe éischter Tomaten. An deenen zwee Fäll ass den Impakt vum Kompost am Lach däitlech siichtbar.

D'Arborloo gouf haaptsächlech an tropesche bis temperéierte Klimae getest, mat e puer Versich a semi-ariden Zonen an Ethiopien. Well d'Friichtebeem vill Waasser brauchen, kann ee se net an ze vill dréchene Géigende planzen. Trotzdeem si si duerch d'Presenz vum Kompost manner fuerdernd géintiwwer vun der Buedemqualitéit, a souguer a ganz sandege Biedem kann e Bam wuessen.

Wann de Benotzer de Kompost wëll aus dem Lach huelen (generell fir d'Lach nach eng Kéier kënnen ze benotzen a sou Plaz ze spueren), da muss hien ee Joer waarden, bis de Kompost sech forméiert huet a keng Krankheetserreeger méi dra sinn. Well d'Liewensdauer vun engem Lach am Schnëtt sechs Méint laang ass, brauch een dann am Ganzen dräi Lächer. Ee méi einfache System, deen op dat selwecht erauskënnt, ass d'fossa alterna, déi nëmmen zwee Lächer benotzt.

Verglach mat aneren Toiletten an Impakt op d'Ëmwelt

[änneren | Quelltext änneren]
Verglach mat anere Toilettentypper
D'Arborloo am Verglach mat... Virdeeler Nodeeler
... konventionelle Latrinnen
  • D'Grondwaasser gëtt manner verschmotzt duerch déi niddreg Déift vum Lach (maximal 1,5 m, géint e puer Meter).
  • Integréierten ekologesche System, deen et erlaabt, d'Nierstoffer erëm ze benotzen, d'Verschmotzung reduzéiert, de Buedem verbessert an eng Naturalwirtschaft erméiglecht.
  • Si fält manner séier a sech zesummen, well se net déif ass.
  • Si setzt eng Ëmstellung vun der Gewunnecht viraus, well d'Toilette all sechs Méint muss geréckelt ginn.
  • Si brauch vill Plaz: véier Lächer no zwee Joer, etc. Si ass dofir nëmmen a ländleche Regiounen ze gebrauchen.
  • Si setzt de Wëllen an d'Nofro fir Naturalwirtschaft viraus.
  • Si erlaabt et net, Waasser ze benotze fir sech propper ze maachen, an et däerf soss näischt an d'Toilette geheit ginn (Offall, Steng), fir datt de Kompostéierungsprozess effikass bleift.
... aneren ekologeschen Toiletten
  • Et muss ee flësseg a fest Exkrementer net trennen, dofir brauch een och déi Schläich dofir net (ekologesch Toiletten trennen den Urin, fir de Kompost ze verbesseren; e gëtt benotzt fir ze nätzen oder fléisst an d'Ofwaasser).
  • Sanitär Risike si kleng, well ee keen direkte Kontakt mat den Exkrementer huet (mat aneren ekologeschen Toilette gëtt de Kompost per Hand um Feld verdeelt).
  • Et ass déi bëllegst ekologesch Toilette.
  • D'Verschmotzung vum Grondwaasser bleift méiglech, wann dëst héicht steet, am Géigesaz zu deenen anere mat waasserdichte Lächer.
  • De Kompostage ass manner effikass wéi bei engem gehëtzten, gelëften a reguléierte System, wat méi e schlechte Geroch kann als Konsequenz hunn.
  • Si kann net ëmmer an d'Wunneng integréiert ginn.
... verbessert Toiletten (mat Waasser, etc.)
  • Integréierten ekologesche System, deen et erlaabt, d'Nutrimenter nei ze benotzen, a sou d'Verschmotzung limitéiert, de Buedem verbessert a Liewensmëttel liwwert.
  • Ganz niddrege Präis.
  • Si gëtt als "rustikal" an als Toilette fir aarm Leit ugesinn. Si ass geduecht fir aarm, ländlech Regioune wou d'Leit nach vill an d'Natur maachen, wa se keng Toilette hunn.
  • Si erlaabt et net, Waasser ze benotze fir sech ze botzen.

Den Ëmweltimpakt vun der Arborloo limitéiert sech net op eng méi kleng Verschmotzung; duerch d'Formatioun vun engem räichhaltege Buedem erlaabt si de Beem, déif Wuerzelen z'entwéckelen, an ass dofir besonnesch un dréche Biedem adaptéiert. Ugeräicherte Buedem hält d'Reewaasser méi laang, an d'Wuerzele limitéieren d'Bullislawinen.

Fir d'Benotzer gëtt et vill Virdeeler: Réckgang vun de Krankheeten, déi fäkal-oral (Duerchfall, Typhus, Cholera, Hepatitis) oder e iwwer e Parasit iwwerdroe (Filariose) ginn, eng méi grouss Intimitéit an Dignitéit, méi Sécherheet fir Fraen, méi Komfort a souguer e méi héije soziale Status. D'Ufankskäschte si kleng (manner wéi 20 $) an d'Käschte fir dat ganzt z'ënnerhale si minim (just d'Reparéiere vum Siichtschutz, a vläicht d'Ausgruewe vum Lach all sechs Méint).

De geplanzte Bam ass generell en Uebstbam, deen et aarme Famillen erméiglecht, hir Ernierung ze verbesseren. Mam Arborloo hu si gratis Dünger (si musse kee cheemeschen Dünger méi kafen). D'Famille kënnen d'Uebst och duerno verkafen, a sou en Akommes generéieren. Fir all dës Ursaache gëtt probéiert, den Arborloo weider ze verbreeden, fir domat d'Existenzmëttel vun de viséierte Communautéiten ze verbesseren an den Aarmut op laang Siicht ze reduzéieren.

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Arborloo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Mayling Simpson-Hebert: Low-cost Arborloo offers Ethiopians health and agriculture benefits, an "Waterlines", Vol. 26, N°2, Oktober 2007
  2. Duncan Mara: Fossas migratórias (17. Abrëll 2008; gekuckt den 22. Juni 2012)
  3. Lessons from a low cost ecological approach to sanitation in Malawi, Field Note, Juni 2007
  4. Sanitation and Hygiene in Kenya: Lessons on What Drives Demand for Improved Sanitation, Field Note, Juni 2004