Ariane 3
D'Ariane 3 ass den drëtte Modell aus der Serie vun den Ariane-Rakéiten.
Technik
[änneren | Quelltext änneren]Den Opbau vun der Ariane 3 ass d'selwecht wéi dee vun der Ariane 2, bis op déi béid zousätzlech Feststoffboosteren, wat d'Startgewiicht op 237 t erhéicht. Fir déi vun de meeschten Ariane-3-Rakéite benotzt Startplaz ELA-1 net ze beschiedegen, goufen d'Boosteren eréischt nom Ofhiewen an 11 m Héicht gezünnt, well d'Startramp ELA-1 nëmme fir Rakéiten ouni Booster gebaut war.
D'Notzlaascht, déi d'Ariane 3 an eng geostationär Bunn brénge konnt, hat e Gewiicht vun 2700 kg, deemno 525 kg méi wéi d'Ariane 2.
Starten
[änneren | Quelltext änneren]Et gouf eelef Starte vun der Ariane 3. Den éischte war erfollegräich de 4. August 1984 gemaach ginn, an dat nach virum éischte Start vun enger Ariane 2. Nëmmen de fënnefte Start vum 12. September 1985 war feelgeschloen.
Néng Ariane-3-Rakéite goufe vun der Startplaz ELA-1 an zwou Ariane 3 (souwéi eng Ariane 2) gestart. Vun enger méi héich gebauter Startplattform fir d'Ariane 4 op der Startplaz ELA-2 gouf eng Ariane 3 fir en Test virum éischten Asaz vun der Ariane 4 gestart.
All Starte goungen an d'geostationär Transferbunn. Mat Ausnam vum leschte Start, mam Experimentalsatellit Olympus, goufen ëmmer zwéi Satellitten zesumme gestart.
Déi kleng Zuel vu Starten ass duerch d'Opkomme vun der méi staarker a villsäiteger Ariane 4 am Joer 1988 bedéngt.
Komplett Lëscht vun de Starten
[änneren | Quelltext änneren]Startzeitpunkt (UTC) | Ser.-Nr. | Notzlaascht | Startplaz | Orbit¹ | Bemierkung |
---|---|---|---|---|---|
4. August 1984 13:32 Auer | V10 | ECS-2, Télécom 1A (Kommunikatiounssatellitte) |
ELA 1 | GTO | Erfolleg |
10. September 1984 1:14 Auer | V11 | Spacenet 2, MARECS B2 (Kommunikatiounssatellit a Kommunikatiounssatellit fir Schëffer) |
ELA 1 | GTO | Erfolleg |
8. Februar 1985 23:22 Auer | V12 | Arabsat 1A, Brasilsat A1 (Kommunikatiounssatellitte) |
ELA 1 | GTO | Erfolleg |
8. Mee 1985 1:15 Auer | V13 | GStar 1 Télécom 1B (Kommunikatiounssatellitte) |
ELA 1 | GTO | Erfolleg |
12. September 1985 23:26 Auer | V15 | Spacenet 3, ECS 3 (Kommunikatiounssatellitte) |
ELA 1 | an den Atlantik gefall (geplangt: GTO) | Feelstart Versoe vun der drëtter Stuf |
28. Mäerz 1986 23:30 Auer | V17 | GStar 2, Brasilsat A2 (Kommunikatiounssatellitte) |
ELA 2 | GTO | Erfolleg, Éischte Start vun ELA-2 |
16. September 1987 0:45 Auer | V19 | Aussat A3, ECS 4 (Kommunikatiounssatellitte) |
ELA 1 | GTO | Erfolleg |
11. Mäerz 1988 23:28 Auer | V21 | Spacenet 3R, Télécom 1C (Kommunikatiounssatellitte) |
ELA 1 | GTO | Erfolleg |
21. Juni 1988 23:12 Auer | V24 | Insat 1C, ECS 5 (Kommunikatiounssatellitte) |
ELA 1 | GTO | Erfolleg |
8. September 1988 23:0 Auer | V25 | GStar 3, SBS 5 (Kommerziell Kommunikatiounssatellitte) |
ELA 2 | GTO | Erfolleg |
12. Juli 1989 0:14 Auer | V32 | Olympus (Experimentelle Kommunikatiounssatellit) |
ELA 1 | GTO | Erfolleg |
¹ D'Notzlaaschte si sou verzeechent, wéi si iwwereneen oder (a rare Fäll) niefteneen an der Notzlaaschtverkleedung placéiert waren. Déi iewescht Notzlaascht fir d'éischt, dann déi drënner a.s.w.
² Net den Zilorbit vun der Notzlaascht, mä d'Bunn, op där d'Notzlaascht ausgesat gouf.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Martine Castello: La grande aventure d'Ariane. Larousse 1987, ISBN 2-03-518232-8
- William Huon: Ariane, une épopée européenne. ETAI 2007, ISBN 978-2-7268-8709-7
- Jean-Pierre Philippe: Ariane, horizon 2000. Taillandier, Paris 2000, ISBN 2-87636-045-4
- Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1. Von der Diamant zur Ariane 4 - Europas steiniger Weg in den Orbit Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 3837095916
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ariane – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Bernd Leitenberger: D'Geschicht vun der Europarakéit Ariane
- Bernd Leitenberger: Ariane 2 an 3
- (fr) CAPCOM ESPACE: CARCTERISTIQUES D' ARIANE 2 & 3
- (en) (fr) A. Lemarchand: Le programme Ariane-3 / The Ariane-3 Programme, ESA-Bulletin 25, Februar 1981, ISSN 0376-4265, Seite 2
- (fr) A. Mechkak & P. Lesage: Ariane-3: Le développement du Propulseur d' Appoint à Poudre (PAP), ESA-Bulletin 38, Mai 1984, ISSN 0376-4265, Seite 80
- (en) o.A.: First Ariane-3 Launch a Total Success, ESA-Bulletin 40, November 1984, ISSN 0376-4265, Seite 72