Op den Inhalt sprangen

Irma la Douce

Vu Wikipedia
Irma la Douce
Film
Produktiounsland Vereenegt Staate vun Amerika
Première 5. Juni 1963
Dauer 135 min
Faarf Faarweg
  Technicolor
Format 2,35:1
Panavision
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Billy Wilder
Dréibuch Billy Wilder
I. A. L. Diamond
Fotografie Joseph LaShelle
Musek André Previn
Schnëtt Daniel Mandell
Produzent Billy Wilder
Produktiouns-
gesellschaft
The Mirisch Corporation
Phalanx Productions
Schauspiller
Jack Lemmon als Nestor Patou
Shirley MacLaine als Irma la Douce
Lou Jacobi als Moustache
Bruce Yarnell als Hippolyte
Herschel Bernardi als Lefevre
Hope Holiday als Lolita
Joan Shawlee als Amazon Annie
Grace Lee Whitney als Kiki
Paul Dubov als André
Howard McNear als Portier
Cliff Osmond als Polizist
James Brown
Bill Bixby
James Caan
Louis Jourdan als Erzieler
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Irma la Douce ass en US-amerikanesche Film vum Billy Wilder aus dem Joer 1963 mam Jack Lemmon an der Shirley MacLaine an den Haaptrollen.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

Den Nestor Patou, e jonke Polizist, fänkt um Policebureau an der Rue Casanova am Paräisser Quartier vun den Halen un. Ambitiéis, wéi en ass, léisst e gläich emol sämtlech Prostituéiert vun do samt hire Cliente festhuelen. Leider ass dodrënner och säi Chef, an de Patou gëtt suspendéiert. Hie mécht Bekanntschaft mat der Irma la Douce, a gëtt Zeien, wéi där hiren Zouhälter se schlecht behandelt. Hie spréngt hir zur Hëllef, a gewënnt - éischter zoufälleg - eng Kläpperei mam Zouhälter, sou dass déi Roll op hien iwwergeet. Well en net verdréit, datt d'Irma sech mat anere Männer ofgëtt, verkleet hie sech als e räiche, mysteriéise Lord X, a bezillt dem Irma all Kéiers en décke Batz Geld, just fir Kaart mat him ze spillen, mee sou dass et net méi op aner Clienten ugewisen ass. Fir selwer un déi Suen ze kommen, muss de Patou nuets als Fort an den Hale wudderen, sou dass en ëmmer méi dätsch gëtt. Dem Irma kënnt dat louche vir...