Marthe Bigelbach-Fohrmann
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Marthe Bigelbach-Fohrmann | |
---|---|
Gebuer |
7. Mee 1933 Diddeleng |
Gestuerwen |
7. September 1995 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | LSAP |
Member vun | LSAP |
Famill | |
Papp | Jean Fohrmann |
D'Marthe Bigelbach-Fohrmann, gebuer als Marthe Fohrmann de 7. Mee 1933 zu Diddeleng, a gestuerwen de 7. September 1995 zu Lëtzebuerg, war eng Lëtzebuerger LSAP-Politikerin.
Si war eent vun den Zwillingsmeedercher vum spéideren Deputéierten a Buergermeeschter Jean Fohrmann. Hir Sëschter ass d'Mamm vum Alex Bodry.
D'Marthe Fohrmann huet sech vun 1948 u bei de Jeunesses socialistes engagéiert si sech a se gouf 1972 gëtt d Sektiounspresidentin vun de Femmes socialistes zu Diddeleng. 1978 huet si Akzenter an der Debatt ronderëm d'Reegelung vum Avortement gesat a sech am Mee 1979 fir d'Ofschafe vun der Doudesstrof agesat.
Si war vun 1974-1979 Deputéiert a vun 1976-1988 Member vum Diddelenger Gemengerot.
No hir genannt
[änneren | Quelltext änneren]Am Kader vum internationale Fraendag 2019 huet d'Gemeng Diddeleng am Quartier Lenkeschléi fënnef Stroossen an eng Plaz no Diddelenger Frae genannt, déi an hirer Zäit Virreiderinne waren a sech no hire politeschen, privaten oder berufflechen Iwwerzeegungen engagéiert hunn. Dorënner d'Rue Marthe Bigelbach-Fohrmann an Erënnerung un d'Marthe Fohrmann[1].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anne Julie Heintz, Düdelingen entdeckt seine weibliche Seite op wort.lu den 8. Mäerz 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 9. / 10. Mäerz 2019, S. 40-41, ënnert dem Titel Starke Frauen, starke Geschichten.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Biographie vun der Marthe Bigelbach-Fohrmann op der Säit vun der LSAP
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell wou net anescht uginn: Anne Julie Heintz an der Literatur.