Norbert Haupert
Norbert Haupert | |
---|---|
Gebuer |
2. Abrëll 1940 Schëffleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Liichtathleet |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1960 |
Partei | CSV |
Den Norbert Haupert, gebuer den 2. Abrëll 1940 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV), fréiere Sportler a Sportsfonktionnär.[1]
Uganks Mee 2018 gouf hie vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich zum President vum nei gegrënnte Kierchefong ernannt.[2]
Vun 1987 bis 1989 war hien Direkter vum Lycée technique d'Esch-sur-Alzette. Hie war och Administrateur Général am Ministère des Classes Moyennes et du Tourisme.
De Politiker
[änneren | Quelltext änneren]Hie war vum 12. August 1999 bis de 7. Oktober 2013 Deputéierten an der Chamber an ass zanter dem 1. Januar 1999 Gemengeconseiller zu Monnerech.
De Sportler
[änneren | Quelltext änneren]Hie war vun 1973 bis 1979 President vun der Fédération luxembourgeoise d'athlétisme a vun 1989 bis 1999 President vum Comité olympique et sportif luxembourgeois. 1999 hat hie seng Demissiounen agereecht, well hien eng politesch Karriär wollt aschloen.
Als aktive Sportler war hien 1961, 1962, 1963, 1966 a 1967 lëtzebuergesche Landesmeeschter op den 800 Meter.
Hien huet 1960 un den Olympesche Spiller zu Roum deelgeholl.[3]
Hie gouf als éischte Liichtathleet 1962 an 1963 zum Sportler vum Joer gewielt.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1995)[4]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jean-Paul Kolbusch: Beachtliches Lebenswerk auf diversen Bühnen, Interview mam Norbert Haupert am Luxemburger Wort vum 21. September 2016, S.43
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Virdrun | Sportler vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Sylvie Hülsemann | 1962 - 1963 | Charles Sowa |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Portrait vum Norbert Haupert op der Websäit vun der Chamber
- ↑ "M. Norbert Haupert nommé Président du « Kierchefong »." Communiqué op cathol.lu, 1. Mee 2018.
- ↑ Den Norbert Haupert seng Referenze vun den Olympesche Spiller zu Roum 1960op der Websäit sports-reference.com
- ↑ Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' wärend op der Säit 94 'Promotion 1994' steet.]