Op den Inhalt sprangen

Ronchamp

Vu Wikipedia
Ronchamp

Land Frankräich
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Departement Haute-Saône
Arrondissement Lure
Kanton Lure-1
Postcode 70250
Gemengecode 70451
Koordinaten 47° 42’ 03’’ N
      06° 38’ 02’’ O
Fläch  2.354 ha
Bevëlkerung  2.965 (1999)

Ronchamp ass eng franséisch Gemeng am Departement Haute-Saône am Dall vum Rahin an am Kuelerevéier vu Ronchamp a Champagney.

D'Gemeng gehéiert zu den 198 Gemengen déi de Parc naturel régional des Ballons des Vosges bilden.

D'Uertschaft ass besonnesch bekannt well op der Kopp vu Bourlémont d'Kapell Notre-Dame du Haut steet, déi vum Schwäizer Archtitekt Le Corbusier entworf gouf. D'Kapell déi als eent vun de wichtegste Sakralbauwierker vum 20. Joerhonnert ugesi gëtt, gouf 2016 op d'Lëscht vun de Weltierwe vun der UNESCO gesat.