Schabloun:Op engem 1. Oktober
Ausgesinn
- 1603: De Jesuitekolléisch, de spéideren Athenäum, gëtt an der Stad Lëtzebuerg ageweit.
- 1795: Proklamatioun vun der Opléisung vun de fréieren éisträicheschen Nidderlanden a vum Prënzbistum Léck; den Territoire vum haitege Lëtzebuerg gëtt Deel vum Departement Forêts.
- 1865: De franséische Komponist Paul Dukas kënnt op d'Welt.
- 1866: Den US-amerikaneschen Zänndokter Bernard J. Cigrand, Grënner vum Flag Day, gëtt gebuer.
- 1935: Gebuert vun der brittescher Sängerin a Schauspillerin Julie Andrews.
- 1938: däitsch Truppe marschéieren an d'Sudeteland an.
- 1949: D'Volleksrepublik China gëtt gegrënnt.
- 1960: Nigeria gëtt onofhängeg.