Viaduc vu Garabit
| ||||
---|---|---|---|---|
Informatiounen | ||||
Land | Frankräich | |||
Stad | Garabit | |||
Geographesch Lag | ||||
Längt | 564,84 m. | |||
Gréisst Spanwäit | 165 m | |||
Breet | ||||
Héicht (Pilieren) | 80 m. | |||
Archtitekten & Ingenieuren |
Léon Boyer Gustave Eiffel | |||
Typ | Boubréck | |||
Material | Metall | |||
Baujoer | 1880 -1884 | |||
Kategorien | ||||
Brécken a Frankräich • Boubrécken |
De Viaduc vu Garabit ass eng Eisebunnsbréck bei Ruynes net wäit ewech vu Saint-Flour am Cantal. Si steet op der Linn Marvejols-Neussargues a geet iwwer d'Gorges de la Truyère. Et ass eng metalle Bréck an ass vum Gustave Eiffel am Joer 1884 gebaut ginn, mä eréischt 1888 a Betrib geholl ginn.
D'Bréck huet ee stolen Tablier dee 564,85 m laang ass an op siwe Piliere steet, wouvun déi héchst 80 m hunn. Déi dräi Felder iwwer den Dall hunn an der Mëtt ee Bou mat enger Spanwäit vun 165 m an enger Héicht vun 52 m. Op deenen zwou Säite sinn nach am Stee gebaut Viaduce vu 46 an 71 m. D'Héicht iwwer der Truyére bei Nidregwaasser war bis 1959 122.5 m. Duerch de Bau vum Staudamm zu Grandval ass e Séi entstanen deen 28 km laang ass an de Viaduc ass elo nach 95 m iwwer dem Waasser.
Déi éischt Iddi fir eng metalle Bréck ze baue war vum Ingenieur Léon Boyer, mat dem Gedanke sou eng grouss Ofkierzung ze kréien amplaz durch den Dall ze fueren.
Wéinst de Schwankungen déi Hänkbrécken hu war de Bau vu sou enger ausgeschloss ginn. De Léon Boyer hat als Virbild de Viaduc Maria Pia iwwer den Douro a Portugal dee vum Théophil Seyrig engem Associé vum Eiffel gebaut gi war.
Bei der Bréck goufen 20.400 m3 am Stee gebaut. Vun Eisen a Stol goufen 3169 Tonne geschmiedt Eisen, 41 Tonne Stol an 23 Tonne Goss gebraucht. 678.768 Nitte si verschafft ginn, an de Bau vun der ganzer Bréck huet vun 1880 bis 1885 gedauert.
Chronologie
[änneren | Quelltext änneren]- November-Dezember 1878: De Léon Boyer mécht d'Leveeën um Terrain fir d'Stréck festzeleeën
- 25. Mäerz 1879: De Projet vum Boyer gëtt eragereecht
- 14. Juni 1879: De Minister vun den ëffentlechen Aarbechten hëlt de Projet un
- Januar 1880: D'Aarbechte gi lass
- 16. August 1880: De Gustave Eiffel gëtt den deefinitive Projet of
- 1. August1882: Stéipe ginn opgeriicht
- 20. Abrëll 1884: Dat bannenzeg Schlass gëtt gesat
- 26. Abrëll 1884: Dat baussenzeg Schlass gëtt gesat
- Juni 1884: D'Tabliere si fäerdeg
- 17. September 1884: Déi zwéi Säiteviaduce gi fäerdeg an d'Gleiser gi geluecht
- 9. Mee1887: D'Linn Marvejols-Saint-Chély-d'Apcher geet op
- 10. Abrëll 1888: Éischt Tester vun der Bréck
- 26. Mee 1888: D'Linn Saint-Chély-d'Apcher-Saint-Flour geet op
- 10. November 1888: Déi ganz Linn geet op.
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]D'Bréck gouf als Filmplaz fir zwéi Filmer benotzt: de Krichsfilm Un homme de trop aus dem Joer 1967 an de Katastrophefilm The Cassandra Crossing aus dem Joer 1976, wou s'als Cassandra Bridge gesi gouf, déi a Gefor war zesummenzebriechen. Am Film huet d'Bréck a Pole gestanen.[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Viaduc de Garabit – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ The Cassandra crossing. (en)