Alpha
Alpha (algriichesch, haitegt Griichesch; Majuskel Α, Minuskel α) ass den éischte Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet den numeresche Wäert vun 1.
Ofstamung
[änneren | Quelltext änneren]D'Zeeche geet op de phenizesche Buschtaf alef zeréck, deen ursprénglech e Stéierkapp duergestallt huet. Wann een e groussen Alpha op de Kapp stellt oder e klengen ëm 90 Grad géint den Auerzärersënn dréint, kann ee nach gutt e Stéierkapp erkennen.
Aus dem selwechten Zeechen hu sech den hebräeschen aleph an den arabeschen alif entwéckelt, aus dem griichesche Buschtaf de laténgeschen A an doraus och de kyrilleschen A.
Alpha = Ufank, Eent
[änneren | Quelltext änneren]Den Alpha ass den éischte Buschtaf vum griicheschen Alphabet, dofir steet Alpha fir „Ufank“, nach méi symbolesch fir „Geescht“ (ëmgangssproochlech och dat „Héchst“, „Gréisst“, „Bescht“)
- Beta ass den zweete Buschtaf, doduerch kënnt d'Wuert Alphabet
- Omega ass de leschte Buschtaf: D'Riedensaart »den A an O« (eigentlech: »den Ἄλφα an den Ὠμέγα«) bedeit „Ufank an Enn“, „Alles“, „Gott“. Och d'Riedensaart »en A fir en O virmaachen« „d'Tatsaache verdréinen“ bezitt sech dorop.
Alpha ass och d'Zuel Eent vum griicheschen Zifferesystem, doraus leede sech Fachausdréck of:
- Sou schwätzt een a Ranguerdnunge vum Alpha-Déier als dem ranghéchsten oder Leetdéier, an entspriechend vum Omega-Déier fir déi rangniddregst Stuf.
- An der Software-Entwécklung ass d'Alpha-Versioun eng éischt laffäeg Programmversioun.
Alpha als Formelzeechen
[änneren | Quelltext änneren]- An der Mathematik déngt α allgemeng als Wénkelzeechen. Besonnesch ass α no Konventioun am Polygon de Wénkel deen zum Eck A gehéiert.
- An der Physik (Mechanik) ass α d'Formelzeeche fir d'Wénkelbeschleunegung.
- Als Alphastralung gëtt eng Form vu Radioaktivitéit bezeechent.
- An der Quantephysik steet α fir d'Fäinstrukturkonstant.
- An der Chimie versteet een ënner α den Dissoziatiounsgrad vun enger Saier resp. enger Bas.
- An der Astronomie steet α fir d'Rektaszensioun, eng vun de béide Koordinaten am equatoriale Koordinatesystem.
- An der Medezin eng Gehierwellenaart vun engem gewësse Frequenzberäich.
- An der Molekularbiologie d'Ofkierzung vun Anti- als Bezeechnung fir en Zil-Epitop.
- An der Finanzmaarttheorie bezeechent α als Alphafacteur (Jensen-Alpha) d'Mooss fir eng Extra-Rendit (positiven Alpha) oder eng Mannerrendit (negativen Alpha).
- An der Computergraphik den α-Kanal fir d'Transparenz vun engem Objet.
- An der Statistik beschreift den α-Feeler d'Warscheinlechkeet, eng eigentlech richteg Nullhypothes fälschlecherweis zu Gonschte vun der Alternativhypothes ze verwerfen.
- Cronbach Alpha, Moosszuel aus der multivariater Statistik.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Alpha – Biller, Videoen oder Audiodateien |