Bündnis 90/Die Grünen
Bündnis 90/Die Grünen | |
---|---|
President |
Franziska Brantner Felix Banaszak |
Vizepresidenten | Pegah Edalatian-Schahriari |
Gegrënnt | 14. Mee 1993 |
Parteizentral |
Platz vor dem Neuen Tor 1 10115 Berlin Däitschland |
Memberszuel |
126.451 (2022) |
Politesch Positioun | Mëtt-lénks |
Europäesch Affiliatioun | Europäesch Gréng Partei |
Faarf | Gréng |
Bundestag |
118/736 Sëtz |
Europaparlament |
12/96 Sëtz |
Websäit | www.gruene.de |
D'Bündnis 90/Die Grünen (kuerz dacks Grüne genannt) ass eng däitsch politesch Partei, déi en inhaltleche Schwéierpunkt op eng ekonomesch, ekologesch a sozial nohalteg Ëmweltpolitik leet.
Die Grünen sinn am Januar 1980 zu Karlsruhe am deemolege Westdäitschland gegrënnt ginn an hunn hiren Ursprong an der Anti-Atomkraaft- an Ëmweltbeweegung, neie soziale Beweegungen an der lénkser Friddensbeweegung aus den 1970er. 1983 hu si et an den Däitsche Bundestag gepackt a vun 1985 bis 1987 hu si an enger Koalitioun mat der SPD fir d'éischt e Landesminister gestallt (de Joschka Fischer an Hessen).
D'Bündnis 90 ass aus der Friddensbeweegung an der deemoleger DDR entstanen. Si ass 1990 an de Bundestag komm. 1993 hunn dunn Die Grünen a Bündnis 90 fusionéiert.
Vun 1998 bis 2005 ware Bündnis 90/Die Grünen an enger Koalitioun mat der SPD fir d'éischt un enger Bundesregierung bedeelegt. Zënterhier si si nees an der Oppositioun. Zënter 2011 stelle si fir d'éischt e Ministerpresident (de Winfried Kretschmann a Baden-Württemberg).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bündnis 90/Die Grünen – Biller, Videoen oder Audiodateien |