Dezimeterwell
Als Dezimeterwell, och dm-Welleberäich, UHF-Frequenzberäich, UHF-Frequenzband oder UHF-Band (engl.: Ultra High Frequency – UHF), bezeechent een elektromagnéitesch Wellen an engem Frequenzband vun 300 MHz bis 3000 MHz, déi de Wellelängten tëscht engem Dezimeter an zéng Dezimeter (dofir den Numm dm-Welleberäich) entspriechen. Si leien soumat tëscht den Ultrakuerzwellen (déi méi laang sinn wéi Dezimeterwellen) an den Zentimeterwellen (déi méi kuerz sinn).
Entspriechend dem „Frequenzberäichzouweisungsplang“ vun der Internationaler Fernmeldeunioun (VO Funk[1]) souwéi „Frequenznotzungsplangveruerdnung vun der Bundesrepublik Däitschland“[2] bestinn entspriechend dësem Frequenzband ëmfangräich ëffentlech-rechtlech, industriell, kommerziell, privat und gemeinnützige Nutzungsforderungen.
Fir de Bedarf un Eenzelfrequenzzoudeelungen decken ze kënnen, ass dëst Frequenzband a méi wéi 80 Frequenzberäicher ënnerdeelt, deenen hir Notzung explizit Funkdéngschter zougewisen ass. Dozou gehéieren – ouni Usproch op Vollstännegkeet – beispillsweis:
- Amateurfunkdéngscht:
- Feste Funkdéngscht: Richtfunkuwendungen
- Fluchnavigatiounsfunkdéngscht: Gläitweesender (ILS) vun der Fluchsécherung
- Mobile Landfunkdéngscht: Betribsfunk, Bëndelfunk, Datefunk, Wäitwierkanlagen, Funktelefonnetz, Funkuwendungen vun der Eisebunn, Funkruffdéngscht, ISM-Uwendungen, Funkbeweegungsmelder, schnouerlos Telekommunikatiounsanlagen, Persouneruffanlage, WLAN
- Mobile Fluchfunkdéngscht: Fluchfunk militäresch
- Mobile Séifunkdéngscht iwwer Satellitten: Inmarsat, weltwäit maritimt Nout- a Sécherheetssystem (GMDSS), Satellittenbojen fir d'Kennzeechnung vun der Noutpositioun
- Radioastronomiefunkdéngscht:
- Radiodéngscht: DVB-T, Televidiounradioband IV an V, Reportagefunk, drotlos Mikrofone, drotlos TV-Kameraen,
- Navigatiounsfunkdéngscht: Fluchsécherungsanlagen TACAN, DME, SSR, ACAS
- Ortungsfunkdéngscht: Radaranlagen vun der Fluchsécherung
- Netnavigatoreschen Ortungsfunkdéngscht: militäresch Radarsensoren
- Navigatiounsfunkdéngscht iwwer Satellitten: Satellittennavigatiounssystemer GPS, Galileo, GLONASS
- Weltraumfuerschungsfunkdéngscht, Weltraumwäitwierkfunkdéngscht, Äerdfuerschungsfunkdéngscht iwwer Satellitten: Bunnvermiessung souwéi Distanzmiessung an Distanzsteierung vu Satellitten
- Wiederhëlleffunkdéngscht: Wiedersonden
- Wiederfunkdéngscht iwwer Satellitten: Wiedersatellitten