Mare Serenitatis
Ausgesinn
D'Mare Serenitatis (lat. „Mier vum Frousënn“) ass e Moundmier ëstlech vum Mare Imbrium um Äerdmound. Et läit am Serenitatis-Becken.
D'Mare Serenitatis grenzt am Südosten un d'Mare Tranquillitatis an am Südwesten un d'Mare Vaporum.
Laanscht de südwestleche Beckerand zitt sech de Bierg Montes Haemus. Weider westlech vum Mare war Apollo 15 gelant. Südëstlech vu sengem Rand leien d'Montes Taurus, wou an der Géigend d'Luna 21 an Apollo 17 gelant waren.
D'Mier läit am Zentrum op de selenographesche Koordinaten 28° 00' N, 17° 30' E. De mëttleren Duerchmiesser ass 707 km.